
Wéinst Hëtzt an Dréchent hunn d'Peegele vum Rhäin de Weekend zu Köln, Bonn a weidere Plazen nei Déifstänn erreecht. Mat nëmmen nach 21 Zentimeter gouf e Sonndeg de Mëtteg zum Beispill zu Düsseldorf den aktuelle Rekord vun 2018 ëm zwee Zentimeter ënnerschratt. Dat mellt d'Waasserstroossen- a Schëfffaartsverwaltung vum Bund. Och zu Duisburg, Wesel an op anere Plaze sinn d'Peegele vum Rhäin e Sonndeg ënnert déi aktuell niddregst bekannt Waasserstänn gefall.
Schonn e Samschdeg war zu Köln mat engem Peegel vu 67 Zentimeter den aktuelle Rekord vun 2018 ëm zwee Zentimeter ënnerschratt ginn. Deelweis sinn d'Peegelen awer och nees lues geklommen - esou zu Köln, wou e Sonndeg de Mëtteg 69 Zentimeter gemooss goufen. Schätzungen no kéinten an der nächster Woch laanscht de Rhäin weider Déifstänn erreecht ginn.
Déi niddreg Peegelen erhéijen d'Transportkäschte fir d'Ekonomie a belaaschte virun allem Industriebranchen, déi op Transporter fir Massen ugewise sinn. Banneschëffer kënnen däitlech manner transportéieren oder musse souguer ganz dorop verzichten.
Nieft de Frachtschëffer maachen déi aussergewéinlech niddreg Waasserstänn um Rhäin och dem Tourismus an der Passagéierschëfffaart ze schafen. Sëllege Faarten hu missen ofgesot ginn, heescht et vun der Köln-Düsseldorfer Deutsche Rheinschifffahrt GmbH heescht. Och eenzel Landungsbrécken um Rhäin konnte vu bestëmmte Schëffer net erreecht ginn.
Dat niddregt Waasser kënnt duerch déi laang Dréchent a ville Regioune vun Däitschland. Duerch de Klimawandel klëmmt Wëssenschaftler no och d'Warscheinlechkeet vun esou extreeme Wiederlagen. Betraff sinn och aner Flëss wéi zum Beispill d'Donau. Hei hunn déi niddreg Peegele souguer dozou gefouert, datt Ungarn säin eenzegt Atomkraaftwierk huet misse vum Netz huelen.