Pegelstänn un der Donau ze niddregUngarn hëlt eenzegt Atomkraaftwierk vum Netz

AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst nidderege Pegelstänn un der Donau hëlt Ungarn säin eenzegt Atomkraaftwierk vum Netz.
Wegen niedriger Pegelstände der Donau schaltet Ungarn sein einziges Atomkraftwerk ab. Am Montag wird das Akw in Paks, das rund 130 Kilometer südlich der Hauptstadt Budapest liegt, erstmals seit 44 Jahren vollständig abgeschaltet werden.
Wéinst héijen Temperaturen an ausbleiwendem Ree sinn d'Pegelstänn vun der Donau op enger Rei Plazen op ee Rekorddéif gefall.
© AFP

"E Sonndeg ëm 1:30 Auer" wier ee vun den zwee leschte Reaktere vum Kraaftwierk zu Paks erofgefuer ginn, wouduerch d'Leeschtung vum Atomkraaftwierk op 240 Megawatt erofgeet, esou de ungaresche Regierungschef Peter Magyar e Sonndeg op X. E Méindeg géift d'Atomkraaftwierk, dat ronn 130 Kilometer südlech vun der Haaptstad Budapest läit, "fir d'éischte Kéier a 44 Joer" komplett ausgemaach ginn.

Eigentlech war d'Ausschalte vum Kraaftwierk eréischt fir en Dënschdeg oder Mëttwoch virgesi gewiescht. Dem Magyar no gouf d'Mesure awer méi fréi geholl, well d'Pegelstänn vun der Donau weider erofgaange sinn. De Bedreiwer vun der Anlag, där hir véier Reakteren no sowjettescher Bauaart sinn a mat Waasser aus der Donau gekillt ginn, hat een Ofschalten "onvermeidlech" genannt. Iwwer d'Joer gesinn deckt et ronn 40 Prozent vum ungaresche Stroumbedarf.

Wéinst héijen Temperaturen an ausbleiwendem Ree sinn d'Pegelstänn vun der Donau op enger Rei Plazen op ee Rekorddéif gefall. De Wiederdéngscht Hungaromet huet fir Ungarn an den nächsten Deeg eng Hëtztperiod mat Temperature vu bis zu 42 Grad virausgesot.

Den ungaresche Premier Peter Magyar huet och annoncéiert, datt grouss Industriebetriber kee Stroum méi solle kréien, wa se hire Verbrauch net reduzéieren. Spéitstens vun e Méindeg u kéint et an Ungarn zu Enkpäss bei der Stroumversuergung kommen.

Back to Top
CIM LOGO