An der franséischer Gironde an a Spuenien, bei Madrid, ootmen d'Pompjeeën e Méindeg liicht op.
Den Ament spillt d'Wierder an der Gironde de Pompjeeën an d'Kaarten. E Méindeg an der Nuecht huet et gereent. Domat goung eng Fënster vu knapp 24 Stonnen op, iert d'Temperaturen effektiv vun en Dënschdeg un nees klamme wäerten. E Méindeg konnt elo d'Mega-Feier, wat bis ewell eng 42.000 Hektar Bësch zerstéiert huet, stabiliséiert ginn.
De Kommandant Matthieu Jomain vum SDIS Gironde : ''Cette accalmie d'aujourd'hui, elle nous donne du répit. Mais elle nous donne surtout une fenêtre d'opportunité pour maximiser nos actions de lutte, d'extinction. Et c'est en ce sens que vous voyez aujourd'hui l'engagement massif à nouveau des Air-tracteurs et des Dash pour vraiment, si vous me permettez l'expression, matraquer les flancs les plus sensibles. Appuyer les actions au sol réalisées par les 2500 sapeurs-pompiers actuellement déployés. Vraiment pour nous donner le maximum de chances.''
De ganzen Dag iwwer gouf massiv e chemesche Produit respektiv Waasser agesat, fir d'Feier auszebremsen.
''L'action, là, c'est du noyage de zone, noyage de zone, dans un premier temps et deuxième phase, quasi simultanée, c'est d'aller gratter tout ce qui est souche qui est encore incandescente.'' Sou d'Erklärung vum Kapitän Sébastien Caillon vum SDIS Orne
D'Zäit leeft. Well an der Regioun ronderëm Bordeaux déi nächst Canicule schonn nees usteet. De Matthieu Jomain erklärt: ''Un feu de 42.000 hectares constitue une source calorifique très importante et donc il ne s'éteint pas en un claquement de doigts. Les phases d'extinction vont s'installer durant plusieurs semaines, peut-être plusieurs mois, à l'instar de ce que l'on a vécu en 2022. ''
Mat der Sonn e Méindegmëtteg sinn éischt Sickerbränn nees opgeflaamt. Iwwerdeems de franséische President Emmanuel Macron d'Ekippen op der Plaz moralesch ënnerstëtzt huet.
Och a Spuenien ass et de Pompjeeën déi lescht Stonne gelongen, d'Evolutioun vum Groussbrand an der Ëmgéigend vu Madrid ze bremsen. Dem Inneminister Fernando Grande-Marlaska no wäert do en Dënschdeg entscheedend dofir ginn, ob d'Flame fir zerguttst kënnen ënner Kontroll bruecht ginn oder net. Bis elo hunn déi Bränn eng 75.000 Hektar zerstéiert. Ma vun e Mëttwoch un a bis e Sonndeg gëtt och a Spuenien nees eng extrem Hëtzt erwaart.