Op de St. Petersburg Economic Forum Fernand Kartheiser probéiert, EU-Parlamentarier fir Rees a Russland ze rekrutéieren

RTL Lëtzebuerg
Politico huet en Donneschdeg de Moien opgedeckt, datt de Lëtzebuerger EU-Deputéierte vun der ADR no EU-Parlamentarier sicht, déi hien op enger Rees a Russland begleeden.
© François Aulner

De Fernand Kartheiser hat, zanter hie Member vun der EU-Parlament ass, scho méi dacks vu sech schwätze gedoen. Sief et duerch d'Fuerderung, datt Lëtzebuergesch offiziell EU-Sprooch sollt ginn, duerch Videokonferenze mat russesche Politiker oder duerch seng Reesen a Russland, déi dozou gefouert hunn, datt hien aus senger Fraktioun an der EU-Parlament ausgeschloss gouf. Dës Rees hat den ADR-Politiker scho méi dacks verdeedegt a se esouguer als "relevant" bezeechent.

Elo suergt de rietsen Deputéierten eng weider Kéier fir Schlagzeilen. Wéi Politico mellt, hätt de Fernand Kartheiser verschidden EU-Deputéiert invitéiert, fir an noer Zukunft eng weider Rees a Russland zesumme mat him ze ënnerhuelen. "Assistenz, fir e passenden Ënnerdaach ze fannen, kënne mer ubidden an eng perséinlech Invitatioun fir den St. Petersbourg Economic Forum wäert nokommen", heescht et am Schreiwes, wat Politico virläit a wat u verschidden Deputéiert gaangen ass. Hei gëtt dann och eng perséinlech Entrevue mat Membere vun der Duma den 3. Juni an Aussiicht gestallt. De russesche President Wladimir Putin ass iwwregens reegelméisseg Gaascht bei deem Wirtschaftsforum zu St. Petersburg a gëtt och dëst Joer do erwaart.

D'Medium hat dann och beim Fernand Kartheiser nogefrot, ob sech scho verschidde Deputéiert gemellt hätten, déi mat him a Russland wéilte fléien. Doropshi sot de Lëtzebuerger Deputéierten, datt hie sech u seng Prinzippie géif halen. "Keng Nimm, keng Zuelen, keng politesch Allianz. D'Participantë kéinten - wéi ech selwer - negativ Konsequenzen erliewen. Also halen ech mech zeréck". D'Deadline, fir sech unzemellen, ass de 6. Mee ofgelaf.

Kritik un dëser Aktioun gëtt et awer vun der litauescher Deputéiert Petras Auštrevičius. Si wërft dem Fernand Kartheiser vir, datt dësen "oppe probéiert", fir Parlamentarier "ze rekrutéieren, déi fir Russland als Informanten, Influencer oder méi schaffen".

Back to Top
CIM LOGO