
An Däitschland kënnt et nom Wiessel un der Fraktiounsspëtzt vun CDU-CSU, och zu Changementer an der Regierung selwer. De Bundeskanzler Merz wëll dës Changementer e Freideg offizialiséieren.
Deemno soll déi aktuell Gesondheetsministesch Nina Warken nei Cheffin vum Kanzleramt ginn, dat an der Successioun vum Thorsten Frei, deen neie Fraktiounschef an der chrëschtlech-sozialer Partei gëtt.
Vun deem Posten hat de Jens Spahn jo an der Suitte ronderëm d'Leihmutterschaftsaffär demissionéiert. Neie Gesondheetsminister géif de Carsten Linnemann ginn, den aktuellen Generalsekretär vun der CDU, mellt Noriichtenagence DPA.