EZBKeng Erhéijung vum Leetzëns

RTL Lëtzebuerg
D'Europäesch Zentralbank huet en Donneschdeg zu Frankfurt um Main matgedeelt, dass de Leetzëns weider bei 2,25 Prozent bleift.
D'Gebai vun der EZB zu Frankfurt um Main
D'Gebai vun der EZB zu Frankfurt um Main
© KIRILL KUDRYAVTSEV/AFP

No der Erhéijung vum Leetzëns am Juni waart d'Europäesch Zentralbank elo of, wéi et schéngt. Wéi d'EZB en Donneschdeg zu Frankfurt um Main bekannt ginn huet, bleift den Taux weider bei 2,25 Prozent. Et géif een dobäi den Impakt op d'Inflatioun duerch de Konflikt am Noen Osten genee am A behalen.

Et gëtt domat gerechent, dass de Leetzëns am September op 2,5 Prozent wäert gehéicht ginn.

Back to Top
CIM LOGO