Developpementer am Iran-KrichUSA bombardéiere Positiounen am Iran

RTL Lëtzebuerg
Fir déi 13. Nuecht hannerteneen hunn d'USA an der Nuecht op e Freideg nees Stellungen am Iran bombardéiert.
D'Gespréicher tëscht dem Iran an den USA ginn zu Genève an der Schwäiz ofgehalen.
D'Gespréicher tëscht dem Iran an den USA ginn zu Genève an der Schwäiz ofgehalen.
© JACEK BOCZARSKI/Anadolu via AFP

Souwuel um Festland, wéi och op der Insel Geschim, an der Strooss vun Hormus, déi fir hir Energie-Anlage bekannt ass.

D'Representantenhaus zu Washington huet en Donneschdeg den Owend awer fir déi 2. Kéier bannent engem Mount eng Resolutioun ugeholl, déi de Militär-Asaz am Iran soll limitéieren, an am beschte Fall soll stoppen.

214 Deputéiert waren derfir, dorënner och eng Partie Republikaner. Imminent Konsequenzen huet d'Resolutioun zwar net, den US-President Donald Trump hat eng éischt Resolutioun schonns als "onpatriotesch" bezeechent. Sollt awer och de Senat bis zoustëmmen, kréich dat Ganzt vill méi Gewiicht.

Back to Top
CIM LOGO