
D'USA hunn erëm Strof-Taxe géint am ganze 60 Länner decidéiert, 10 bis 12,5% méi, gëlle vu 6 Auer e Freideg de Moien un. De Grond, deen d'Wäisst Haus nennt, ass, dass déi viséiert Länner net genuch géint Zwangsaarbecht virgoe géifen. Dofir kéint een en urale Paragraf aus dem Handelsgesetz spille loossen, deen eng rechtlech Grondlag fir déi Taxe-Politik zouléisst, ouni den Accord vum Kongress.
Déi ganz EU ass mat 10% méi concernéiert, China a Japan mat 12,5%. Eenzel Länner hu scho reagéiert a rëselen de Kapp. Déi Reegelung géif iwwerhaapt kee Sënn maachen, heescht et beispillsweis aus Australien. Brasilien schwätzt vun arbiträren a komplett onbegrënnten Argumenter.