Uerg Bëschbränn a SüdeuropaIwwer 140.000 Persounen a Frankräich evakuéiert, Bordeaux geréit a Gefor

Joel Detaille
Andy Brücker
Diana Hoffmann
Läschfligeren an Helikopteren aus 4 Länner solle geschwënn a Frankräich ukommen. A Spuenien ass iwwerdeems eng verdächteg Persoun festgeholl ginn.
D'Pompjeeë ginn de ville Flame kaum Meeschter
D'Pompjeeë ginn de ville Flame kaum Meeschter
© HANDOUT/AFP
Uerg Bëschbränn a Frankräich, Spuenien an Italien
Frankräich freet aner EU-Länner offiziell ëm Hëllef, 23.000 Leit zu Biscarrosse evakuéiert.

D'Bëschbränn a Südeuropa breede sech weider aus. A Frankräich a Spuenien hu sech d'Flamen an de leschte Stonne weider intensivéiert. Zéngdausende Mënsche sinn op der Flucht.

Uerg Bëschbränn a Südeuropa / Diana Hoffmann

Besonnesch dramatesch ass d'Situatioun a Frankräich. Am Südweste vum Land hu méi wéi 110.000 Awunner an Touristen op der Hallefinsel Cap Ferret an an der Géigend vu Biscarrosse mussen d'Plaz verloossen. Dat gréisst Feier huet schonn iwwer 19.000 Hektar Bësch a Vegetatioun zerstéiert a méi wéi 100 Haiser sinn Affer vun de Flame ginn. De Premier Sébastien Lecornu gesäit sech e Freideg den Owend mat enger interministerieller Krisenzell, fir iwwert dat weidert Virgoen ze beroden.

D'Autoritéite géingen alles maachen, fir d'Stad Bordeaux virun de Flamen ze schützen, sou den Inneminister Laurent Nuñez e Freideg den Owend an engem Interview op der franséischer Tëlee. E Feier, dat am Département de la Gironde scho méi wéi 14.000 Hektar Land zerstéiert hätt, géif sech a Richtung vun der Stad ausbreeden. Eng Situatioun, déi een nach ni gesinn hätt, sou de Politiker, an et géif alles ënnerholl ginn, fir d'Stad ze schützen.

Aktuell wieren op 32 verschiddene Plaze Bëschbränn amgaangen, sou de Nuñez weider, weider Evakuatioune si warscheinlech. Méi wéi 50.000 Hektar wieren zanter dem 1. Januar Affer vun de Flame ginn, bal dräimol esou vill wéi zejoert. Am Département Landes hu méi wéi 31.000 Persoune mussen a Sécherheet bruecht ginn.

Wéinst den uerge Bëschbränn huet Frankräich antëscht offiziell aner EU-Länner ëm Hëllef gefrot. De President Emmanuel Macron huet confirméiert, dass een de sougenannten EU-Zivilschutz-Mechanissem declenchéiert hätt. Domat freet een ëm Ënnerstëtzung, virun allem wat d'Brandbekämpfung aus der Loft ugeet. Läschfligeren an Helikopteren aus Portugal, Kroatien, Tschechien an aus der Slowakei solle geschwënn ukommen. Dat géing awer net duergoen, seet den Ënneroffizéier vun de Pompjeeë vu Gironde, de Guillaume Millet:

"Aujourd'hui, on est clairement au bord de la rupture capacitaire. Certes, on n'a jamais eu autant de matériel roulant sur lesquels l'État a fait un petit effort pour financer. Mais les matériels roulants, s'ils n'ont pas d'hommes dedans, ne partent pas."

Déi lokal Pompjeeë si plazeweis komplett un der Belaaschtungsgrenz. An der Gironde schwätzen Zeie weider vun apokalypteschen Zoustänn. Iwwerdeems sinn zwee Männer am Viséier vun der Justiz, well se an engem Bësch vum Departement Gironde gefëmmt hunn.

Spuenien: Nationale Noutstand declenchéiert; eng Persoun gouf verhaft

Och a Spuenien bleift d'Situatioun ugespaant. Ronderëm Madrid an an der Provënz Ávila hu sech verschidde Bëschbränn zesummegeschloss. Méi wéi 20.000 Mënsche sinn evakuéiert ginn. Wéinst de ville simultane Bränn an der extremer Hëtzt huet d'Regierung den nationalen Noutstand ausgeruff, eng aussergewéinlech Mesure, déi et erlaabt, landeswäit méi Mëttelen an den Asaz ze bréngen. An der Provënz Guadalajara nordëstlech vu Madrid huet e Feier bannent enger Woch eng 350 Quadratkilometer verwüüst.

E Freideg den Owend huet e Spriecher vun der regionaler Regierung Madrid gesot, d'Feier wier aktuell um Héichpunkt an et wier onméiglech, d'Flamen aus ze kréien. E Samschdeg de Moie wäert de spuenesche Premier Pedro Sanchez sech op der Plaz e Bild vun der Situatioun maachen an u Krisesëtzunge mat den Autoritéiten deelhuelen.

Iwwerdeems mellt déi spuenesch Police um fréie Freidegowend dass een eng Persoun an Zesummenhang mat de Feier verhaft hätt. E Mann steet ënner Verdacht, e Feier an der Géigend vu Madrid ausgeléist ze hunn. Hie soll trotz engem strenge Verbuet wéinst den dréchene Konditioune mat enger landwirtschaftlecher Maschinn gefuer sinn.

D'Situatioun mat de Bësch- a Vegetatiounsbränn op Sizilien bleift aktuell ugespaant, besonnesch an der Géigend vu Palermo

Déi héich Temperaturen, déi deelweis iwwer 40 Grad klammen, zesumme mat dréchene Wiederkonditiounen a staarkem Scirocco-Wand aus Afrika, fachen d'Flamen ëmmer nees un.

An de leschten Deeg hu missen Honnerte Leit hir Wunnengen aus Sécherheetsgrënn verloossen. Ronderëm Palermo goufen Evakuatiounen ordonéiert, Stroosse gespaart an d'Pompjeeë si mat massiven Asätz um Terrain an aus der Loft am Asaz.

Ganz Sizilien steet ënner héchster Alarmstuf fir Bëschbränn, wärend d'Noutdéngschter probéieren, d'Fronte vun de Bränn ënner Kontroll ze kréien.

Fir Reesender a Bierger gëtt geroden, déi offiziell Warnunge vun der Protezione Civile an de lokale Gemengen ze respektéieren, well d'Lag sech duerch Wand an Hëtzt séier ännere kann.

Back to Top
CIM LOGO