Fir all Asaz preparéiertCGDIS stellt nei Gefierer vir

Diana Hoffmann
Lynn Cruchten
De CGDIS huet 76 nei Gefierer a sengem Fuerpark a kann och een neit Boot säint nennen.

CGDIS stellt nei Gefierer vir

Déi nei Gefierer vum CGDIS hunn um Donneschdeg de Mëtten nieft der Musel zu Mäertert an der Sonn geblénkt. An der Rei goufe se opgestallt, fir se dem Inneminister Léon Gloden op sengem Summertour ze weisen. Bei dësem war hie sech och verschidde Kasären uechter d'Land ukucken. Nieft de fënnef roude Ween mat den typesche giele Sträifen, stoung och e wäisse Camion. En neien Elektro-Logistik-Won fir Ekipement ze transportéieren. Wann een dann e puer Meter weider gaangen ass an op d'Musel gekuckt huet, huet een et gesinn, dat neit gutt 8 Meter laangt Méizweckboot. De Präis 175.000 Euro. Dëst soll ënner anerem fir d'Persounen- an d'Déiererettung an den Asaz kommen, am Fall vu Bränn oder wann zum Beispill muss eng Uelegspär installéiert ginn.

De Léon Gloden konnt dann och dovu profitéieren, en Tour domat ze fueren. Mat der Schwammwest ekipéiert goung et u Bord. "En Invest a modernt Ekipement ass wichteg, fir de verschiddene Missioune gerecht ze ginn, déi de CGDIS vis-a-vis vun eiser Populatioun huet", seet den Inneminister. Katastrophe kéint een net verhënneren, mee et kéint ee sech esou opstellen, dass eng Katastroph net zu enger Kris géing ginn. Fir besser opgestallt ze sinn, wäert Lëtzebuerg dann zesumme mat Rheinland-Pfalz e grousst Pompjees-Boot kafen. Mat dësem soll et och méiglech sinn, fir Leit vun engem Schëff ze evakuéieren oder e Brand bei den Uelegtanken ze läschen. Zum Deel soll dat neit Boot iwwer europäesch Fonge finanzéiert ginn.

Déi siwen nei Typpen u Gefierer, déi en Donneschdeg zu Mäertert ausgestallt goufen, hunn am Ganzen e Wäert vu ronn 2,5 bis 3 Milliounen Euro. Déi 76 nei Gefierer an d'Boot hätten zesummen dann 10 bis 12 Milliounen Euro kascht, seet de Christian Schmitz, Chef vum Departement Charroi et Logistique. E Montant, dee sech awer iwwert e puer Joer géing strecken. Déi eng Gefierer wieren nei fir de CGDIS, anerer géingen aler ersetzen, wéi dat zum Beispill de Fall ass fir een Deel vun den 30 neien Déngschtween oder den 38 neie Mannschaftsween.

Nei am Asaz sinn awer ënner anerem déi dräi Intensivtransporter. Duerch dës kënne Patiente mat intensivmedezinnescher Betreiung transferéiert ginn. "Et ass éischter fir den Transfert vun engem Spidol an dat anert, oder fir laang Distanzen. Hei ass gutt Plaz a mir kënne gutt um Patient schaffen", erkläert de Beruffspompjee Mike Weber.

E weidert neit Gefier ass de sougenannte G.R.I.M.P. fir Héichten- an Déifterettung. "Speziell un deem Gefier ass, dass mer ganz ronderëm Punkten hunn, fir eis ze fixéieren", betount den Andy Martin, Chef vum GIS G.R.I.M.P. Sou muss net fir d'éischt eppes gesicht ginn, an et kann ee méi séier an den Asaz kommen. Doriwwer eraus kéint een elo nach méi Asaz-Material dobäi hunn.

Mam Teleskopmast goung et um Schluss vun der Visitt da fir den Inneminister, dës Kéier mat Helm, och nach eng Kéier héich an d'Luucht, dat bis op 32 Meter. Dëse Camion vun 1,2 Milliounen Euro soll am Beräich vun der Mënschen- an Déiererettung an den Asaz kommen, mee och beim Bekämpfe vu Bränn. Doriwwer eraus ass dann elo awer och nach en neien Elektro-Logistik-Camion vun 340.000 Euro op der Lëscht vum Fuerpark vum CGDIS. D'Besoine géinge sech permanent änneren, erkläert de Christian Schmitz, an deem misst ee sech upassen.

Back to Top
CIM LOGO