Bosseg PetitiounenMuss d'WM-Finall frësch gespillt ginn?

RTL Lëtzebuerg
No der Néierlag géint Spuenien gëtt an Argentinien un de Leeschtunge vum Arbitter gezweiwelt. Eng Petitioun fuerdert, dass d'Finall soll nei gespillt ginn.
© AFP

D'Néierlag géint Spuenien huet an Argentinien fir vill Frust gesuergt. Sëllege Fans fuerderen entretemps, dass d'WM-Finall nei muss gespillt ginn. Am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn d'Leeschtunge vum Arbitter Slavko Vincic. Scho kuerz nom Enn vun der Partie, déi an der Verlängerung decidéiert gi war, haten op de Soziale Netzwierker vill Videoen an Analysen d'Ronn gemaach, an deenen driwwer diskutéiert gouf iwwert dem sloweeneschen Arbitter seng Decisiounen. De Vincic hätt d'WM-Finall negativ beaflosst, sou den allgemenge Virworf.

Petitioun géint den Arbitter

An der Suite ass elo op der Plattform change.org eng Petitioun gestart ginn, déi fuerdert, dass de Match nei muss gespillt gi mat engem aneren Arbitter. Méi wéi 57.000 Leit hu schonn ënnerschriwwen. De Slavko Vincic gëtt am Internet vun argentinesche Fans attackéiert, well hien 2020 a Bosnien-Herzegowina bei der Razzia op enger Drogen- a Sex-Party festgeholl gi war. De Slowen war deemools vun engem Instagram-Model invitéiert ginn, dat Deel vum Waffen-, Drogen- a Prostitutiounsmilieu war. Nieft dem Vincic waren 34 weider Persounen an den Arrest komm an eng grouss Quantitéit Droge beschlagnaamt ginn.

Petitioun géint Argentinien

Allerdéngs ass dat net déi eenzeg Petitioun, déi no der WM-Finall opkomm ass. An enger anerer Campagne gëtt gefuerdert, dass Argentinien vun den nächste Weltmeeschterschafte soll ausgeschloss ginn. D'Ekipp kritt virgehäit, se wier wärend dem Turnéier eendeiteg bevirdeelegt ginn. Fir dës Aktioun hu scho méi wéi 23 Millioune Leit hire Krop gemaach. Donieft ginn et op change.org och méi wéi 100 Petitiounen, déi fuerderen, dass de FIFA-President Gianni Infantino säin Amt néierleeë muss.

Obwuel all déi Petitioune vill Zoulaf hunn, wäerte se awer keng Suitten hunn. Weder d'Resultat vun engem offizielle FIFA-Tournoi, nach eng Neioplo vun der Finall mat engem aneren Arbitter kënnen iwwert dee Wee erzwonge ginn.

Back to Top
CIM LOGO