Bankiwwerfall zu RegensburgGeiselnam mat Messerattack, eng Persoun am Spidol gestuerwen, Täter nach a Bank

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Bankiwwerfall zu Regensburg ass e Mann no engem Messerugrëff ëm d'Liewe komm. D'Affer gouf nach an d'Spidol bruecht, ass do awer u senge Blessure gestuerwen.
© SASCHA DITSCHER/dpa Picture-Alliance via AFP

"Am Rennweg" zu Regensburg ass et en Donneschdeg géint 14:50 Auer am Nomëtteg zu engem Bankiwwerfall komm. Éischten Informatiounen no handelt et sech ëm d'HypoVereinsbank am Weste vun der Stad. D'Filial wier vun den Autoritéiten ëmstallt a wäitraimeg ofgespaart. Och de Sondereinsatzkommando SEK ass am Asaz.

De presuméierten Täter soll mat engem Messer arméiert sinn a sech nach am Gebai ophalen. No Aussoe vun der Police befanne sech zwar nach aner Persounen an der Bank, si wieren awer warscheinlech net als Geisele festgehalen.

Vum Täter sinn et bis ewell och nach keng Fuerderungen.

D'Police ass mat engem grousse Kontingent, dorënner Spezialkräfte an engem Helikopter, am Asaz. D'Awunner gi gebieden, de Beräich ronderëm d'Bank ze evitéieren an den Uweisunge vun de Sécherheetskräften nozekommen.

Back to Top
CIM LOGO