Den Diego Cozzi, wéi hie mat sengem richtege Numm heescht, ass zënter wäit iwwer 10 Joer ënnert dem Numm "Fais Le Beau" bekannt a leet virun allem House an Techno queesch duerch ganz Europa op. Dat, wéi ee gesäit, mat vill Erfolleg. Ënnert anerem ass hien och Matbegrënner vu "Gay Haze", engem vun de gréissten Musekskollektive fir d'Queer-an LGBTQ+ - Zeen zu Bréissel. Mëttlerweil ass dëse Kollektiv net méi aus der elektronescher Musekszeen zu Bréissel ewechzedenken.
Zënter quasi 5 Joer ass Opleeën dann och elo säi Beruff, säi fréiere Beruff huet hie fale gelooss, fir sech voll a ganz op seng musikalesch Karriär ze konzentréieren. Do virdrun, wéi hien ugefaangen huet, elektronesch Musek ze maachen, huet hie méi geleeëntlech opgeluecht: "Et huet e bëssi seng Zäit gebraucht, bis ech do war, wou ech elo sinn. Zum Gléck sinn ech elo do ukomm, soss hätt ech villäicht schonn opginn". Et muss een nämlech vill fir sou e Wee an der professioneller Musek opginn an et kascht vill Energie an Zäit, betount hien. Natierlech ass et da schéin, wa sech dat ganzt spéider och tatsächlech "lount an ee seriö geholl gëtt", bei deem wat ee mécht.
Um Tomorrowland an der Belsch spillt hien iwwregens den Opening op de Core-Stage. Hei spille virun allem bekannte Kënschtler aus der Underground-Zeen, eng grouss Bün, déi virun allem do ass, fir Nischen ze fëllen an de Kenner aus der Zeen eppes ze bidden. Den elektronesche Museksberäich ass nämlech extrem breet gefächert a besteet eben net nëmmen aus EDM-Musek à la David Guetta, wéi hien am RTL-Interview ze bedenke gëtt. Et wäert dann och eng ganz speziell Show fir d'Leit ginn, hien trëtt nämlech net eleng op, mä zesumme mam "Sixsixsixties", engem anere DJ aus der Zeen, deen de Fais Le Beau scho gutt 10 Joer kennt a mat deem hie scho genee sou laang Musek mécht: "Et ass eng aner Energie zu zwee, eng Synergie... an et hëlt och e wéineg Drock ewech. Et mécht einfach nach méi Spaass", sou den Diego, deem säi Wonsch et war, "Back-to-back", also zu zwee op der Bün, opzeleeën.
Sou Optrëtter wéi Tomorrowland, ma och aner riseg kommerziell Festivallen wéi Pukkelpop oder den Dour-Festival, op deenen hien scho gespillt huet, sinn dann natierlech och Sprangbrieder, fir méi bekannt ze ginn an op sech opmierksam ze maachen. Mëttlerweil spillt hien iwwerall a ganz Europa op grousse Festivallen an Events. Ufanks war dat ongewinnt fir hien, well hien, wéi déi meescht Kënschtler am Ufank, initial aus der Underground-Zeen kënnt an éischter seelen op sou grousse kommerziellen Events opgeluecht huet. Mat der Zäit an der Bekanntheet huet sech dat awer dunn ëmmer méi geännert. De Public ass him no dann och e ganz aneren, säi Motto ass hei: "Give them what they want, but not what they expect". An anere Wierder ass de Public einfach méi grouss an et wëll een awer trotzdeem "true" bleiwen a sech net ze vill verstellen viru sou ville Leit. E Balance-Akt eben, deen den Diego Cozzi als Fais Le Beau mat de Jore geléiert huet ze meeschteren.
Zu New York optrieden, wier dann nach ee vu sengen Dreem, och wann hie schonn op anere Kontinenter gespillt huet. An der US-Metropol wier et virun allem déi speziell Zeen, déi hien do géif interesséieren. Ma och op der Party-Insel Ibiza eng Kéier opzeleeën, steet op senger To-Do-Lëscht. De Berghain, de Berliner Mekka fir DJen, kann hie dogéint längst vun dëser Lëscht sträichen, do spillt hien dëst Joer scho fir déi zweete Kéier. "Dat ass fir mech wierklech e mega mega Milestone an eng genial Visitte-Kaart fir mech natierlech. Am August spillen ech fir zweete Kéier do." E weidere Milestone wäert da warscheinlech och Tomorrowland sinn, dee fir vill Leit jo als de Festival par excellence fir elektronesch Musek weltwäit gëllt.
Fais Le Beau kann een also e Freideg um Tomorrowland live gesinn, also um zweete Weekend vum Festival an der Belsch. Hie mécht hei den Opening a wäert vun 12:00-15:00 Auer opleeën. Déi ganz Performance vun him wäert dann och sur Place professionell opgeholl ginn.