Fach-Magazin "The Lancet Pubic Health"Mënsche liewe méi laang, sinn awer och méi laang krank

RTL Lëtzebuerg
Bal néng Joer ass e Mënsch am Duerchschnëtt wärend senger Liewenszäit krank.

D'Mënsche liewe méi laang, awer se sinn och méi laang krank. Dat ass de séiere Resumé vun enger neier Analyse vun engem internationale Fuerscher-Team, dat déi Zuelen an der Fach-Zeitung "The Lancet Pubic Health" publizéiert huet.

Weltwäit geet d'Liewenserwaardung an d'Luucht, awer d'Mënsche sinn am leschte Véierel vun hirem Liewen ëmmer méi dacks krank. 1990 war een an der Moyenne 8,8 Joer bei schlechter Gesondheet, wat 13,6% vun der Liewenszäit entsprécht. 2023 waren et bal 2 Joer méi.

Déi duerchschnëttlech Liewenserwaardung huet sech an de leschte 25 Joer awer ëm knapp 9 Joer verlängert.

Back to Top
CIM LOGO