
Wéinst enger aussergewéinlech laanger a waarmer Hëtztwell gëllt zu Lëtzebuerg zanter e Méindeg de Mëtteg eng Vigilance rouge. All d'Entwécklunge ronderëm d'Canicule kënnt Dir hei suivéieren. Wann Dir selwer Infoen oder Fotoe fir eis hutt, zéckt net, fir eis e Mail u red@rtl.lu ze schécken.
Fannt alleguerten d'Upassunge vun der Schoulzäit an eisem Iwwerbléck-Artikel. Opgepasst: Mat "Schoulen" bezeechne mer an dësem Artikel reng de Fondamental, also d'Cyclen 1 bis 4. D'Lycéeë ginn och deementspriechend als "Lycée" gekennzeechent.