
Fir datt mer eisen Artikel esou aktuell wéi méiglech kënnen halen an d'Bierger esou séier a gutt wéi méiglech kënnen informéieren, schéckt eis Är Communiquéen zu den Adaptatiounen am Schoulprogramm oder fir de Programm vun Nationalfeierdag op red@rtl.lu.
Opgepasst: Mat "Schoulen" bezeechne mer an dësem Artikel reng de Fondamental also d'Cyclen 1 bis 4. D'Lycéeë ginn och deementspriechend als "Lycée" gekennzeechent.
Cortège virum Te Deum e Méindeg den Owend fält aus. D'Leit solle sech direkt bei der Kierch zu Miedernach versammelen. Dono geet et erof bei d'Sportshal, wou den offiziell Deel an d'Festivitéite sinn.
D'Gemeng Fëschbech deelt mat, datt den Unterrecht an der Angsber Schoul zu Angelsbierg fir d'Cyclen 1 bis 4 e Freideg tëscht 14 a 16 Auer wéinst der Hëtzt fakultativ ass. En Accueil ass assuréiert. Kanner, déi heem wäerte goen, sollen ofgemellt ginn.

Wéi d'Gemeng Bartreng matdeelt, wäert souwuel e Méindeg wéi och e Mëttwoch am Fondamental am Nomëtteg kee Cours gehale ginn. Wéi gewinnt wäert och hei am Nomëtteg awer en Accueil duerch d'Léierpersonal assuréiert ginn.
Fir Nationalfeierdag wäerten d'Festivitéiten um 19.45 Auer ufänken an Presentatioun vum Reamenagement vum Parc Helfent gëtt op e spéideren Datum verluecht. D'Coupe scolaire vum 26. Juni ass ofgesot.
D'Gemeng huet de Cortège wéinst den héijen Temperaturen ofgesot. Den Te Deum um 10:30 Auer wéi och d'Festivitéiten dono wäerten am Centre Culturel "Hanner Bra" ofgehale ginn.
D'Gemeng deelt mat, datt d'Elteren d'Méiglechkeet hunn, fir hir Kanner wéinst engem "Cas de Force Majeur" bis zu dräi Deeg aus der Schoul ze huelen. D'Eltere mussen dofir d'Léierpersonal viru Schoulufank informéieren an d'Kand muss dono eng schrëftlech an ënnerschriwwen Entschëllegung ofginn. Kanner am Pregoce sinn net Schoulflichteg, d'Gemeng biet d'Elteren awer, fir d'Léierpersonal ze informéieren, wa se net kommen. Den Elteren ass et awer och méiglech, fir d'Kanner just fir d'Nomëtteger ofzemellen.
Fir d'Kanner, déi an d'Schoul kommen, gëtt en ugepasste Schoulprogramm ugebueden. All d'Detailer fannt Dir um Site vun der Gemeng.
E Méindeg am Nomëtteg gëtt an der Primärschoul Berbuerg kee Cours gehalen. Kanner, déi net kéinten doheem betreit ginn, kréien duerch d'Enseignanten awer en Accueil ugebueden. Och de Schülertransport wäert deementspriechend normal funktionéieren.
Wéi d'Gemeng matdeelt, kréien d'Kanner vum Fondamentale e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg Hëtzefräi. Eng Surveillance wéi och de Schülertransport ginn awer garantéiert an d'Maison Relais bleift op.
Och d'Gemeng Biwer deelt mat, datt de Cours an der Grondschoul e Méindegnomëtteg ausfale wäert. Och hei gëllt nees: En Accueil fir Schüler, déi net heem kënnen, ass assuréiert. Anescht wéi an anere Gemengen, déi Hëtztfräi deklaréiert hunn, gëllt d'Dispens zu Biwer gouf am Laf vum Méindeg och fir dëse Mëttwoch a Freideg Nomëtteg verlängert.
De Communiqué vun der Gemeng Biwer fir e Méindeg fannt Dir hei.
D'Gemeng Clierf deelt mat, datt den Unterrecht an der Schoul zu Reiler e Mëttwoch an e Freideg de Mëtten ausfält. Eng Surveillance ass assuréiert an d'Schoulbusser fuere wéi gewinnt.
De Schäfferot vun der Gemeng Colmer-Bierg deelt mat, datt wéinst den ugekënnegten héijen Temperaturen de Schoulunterrecht zu Colmer-Bierg e Freideg, 26. Juni, vun 13:30 bis 15:30 Auer ausfält. Weider Informatioune ginn et am Communiqué.
Wéi de Schäfferot vun der Gemeng Conter e Sonndeg matdeelt, wäert et och do an der Gemeng méindes a mëttwochs kee Cours am Nomëtteg ginn. En Accueil ass awer garantéiert.
Och a punkto Nationalfeierdag ginn et Upassungen an der Gemeng. Esou gouf de Cortège en Dënschdeg de Moien annuléiert an d'Ried vum Buergermeeschter wéi och alleguer déi aner Aktivitéite goufen no hanne verluecht. D'Gemeng stellt de Bierger Waasser zu Verfügung.
Den Diddelenger Schäfferot huet decidéiert, dass d'Coursen an de Cyclen 1 bis 4 e Méindegmëtteg ausfalen. Och hei ass en Accueil fir d'Schüler garantéiert an d'Maisons relaise bleiwen op. Moies ass normal Cours.
D'Schreiwes vun der Diddelenger Gemeng
Och d'Nocturne, déi u sech all Mëttwoch vu 17 bis 19 Auer ass, gëtt dëse Mëttwoch wéinst den héijen Temperaturen annuléiert.
Och an der Gemeng Ell wäert de Schoulcours am Fondamental an de Cyclen 1 bis 4 vun nächster Woch un ageschränkt oflafen. E Méindeg, Mëttwoch an e Freideg wäert jeeweils am Nomëtteg keen Unterrecht ofgehale ginn. Ma och hei gëllt nees, datt en Accueil duerch d'Enseignantë garantéiert ass an och de Schoultransport, wéi och d'Maison Relais normal funktionéieren. Alles dat huet den Eller Schäfferot e Sonndeg an engem Schreiwes matgedeelt.
D'Schreiwes vum Eller Schäfferot fannt Dir hei
D'Schoulcoursen an d'Schoulzäite bleiwen zu Esch-Sauer onverännert. D'Temperaturen an de Schoulgebaier géife bei 21°C leien, deemno kéint de Cours ënner gudde Konditioune stattfannen.
D'Schreiwes vun der Gemeng Esch-Sauer fannt Dir hei
Och zu Ettelbréck kréien d'Kanner vun de Cyclen 1 bis 4 e Mëttwoch de Mëtteg an e Freideg de Mëtteg Schoulfräi. Fir déi Kanner, déi net kënnen doheem bleiwen, gëtt en adaptéierte Cours vun den Enseignanten organiséiert.
Den Unterrecht fir d'Schüler aus de Cyclen 1 bis 4 fält e Mëttwoch an e Freideg am Nomëtteg fir d'Schüler aus dem "Kuebebongert" aus. D'Surveillance gëtt awer assuréiert an de Schoulbus fiert wéi gewinnt.
Fannt hei d'Schreiwes vun der Gemeng.
Och an der Gemeng Fiels huet de Schäfferot decidéiert, dass den Unterrecht an de Cyclen 1 bis 4 e Mëttwoch an e Freidegnomëtteg ausfält. Och hei gëllt, datt en Accueil duerch d'Enseignantë garantéiert ass an och de Schoultransport, wéi och d'Maison relais normal funktionéieren.
Zu Gréiwemaacher huet de Schäfferot decidéiert, dass de Schoulunterrecht um Méindegmëtteg wäert ausfalen. Den Accueil duerch d'Léierpersonal wäert awer garantéiert sinn an och d'Maisons relaisen bleiwen op.
Da ginn et an der Gemeng och Adaptatiounen, wat Nationalfeierdag ugeet. Esou geet de Cortège net, wéi eigentlech geplangt, um "Schweinsmoart" fort, mä op der "Moartplaz".

D'Gemeng gëtt de Kanner am Primaire e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg vu 14 Auer u fräi. D'Gemeng warnt awer och, datt kee Schülertransport wäert fir d'Coursen am Nomëtteg organiséiert ginn, d'Kanner, déi net doheem kënne bleiwen, ginn awer an de Schoulgebaier zu Gréiwels a Groussbus encadréiert. D'Maisons relaise bleiwen och op.
An der Regionalschoul zu Harel ass de Schoulunterrecht fir d'Cyclen 1 bis 4 tëscht 14 a 16 Auer fakultativ. D'Elteren, deenen hir Kanner kënnen heem goen, si gebieden, dem Titulaire vun der Klass respektiv an der Maison relais Bescheed ze ginn.

Am Kader vun den héijen Temperaturen informéiert d'Gemengeverwaltung vun Hesper iwwer d'Organisatioun an de Schoulen:
D'Gemeng deelt mat, datt de Schoulbetrib fir d'Cyclen 1 bis 4 e Mëttwoch an e Freideg am Nomëtteg wäert ausfalen. En Accueil gëtt awer assuréiert an den Schülertransport wéi och d'Maison relais lafe wéi gewinnt.
Zu Iechternach ass d'Schoulflicht am Nomëtteg net opgehuewen, et wäert allerdéngs en ugepasste Cours ginn: Wéi d'Gemeng matdeelt, wäerten (dem Alter vun de Kanner entspriechend) Filmer gekuckt ginn.
E Méindeg sollt vu 14 bis 16 Auer zu Ierpeldeng-Sauer Coupe-Scolaire gefuer ginn. Déi ass awer wéinst der Hëtzt ofgesot, krute mer op Nofro vun der Gemeng bestätegt.
Zu Jonglënster fält de Schoulunterrecht e Méindeg an e Mëttwoch vun 12 Auer un aus. Och hei ass den Accueil garantéiert an d'Maisons relaise bleiwen op. Och bei de Festivitéiten um Virowend vun Nationalfeierdag ginn et Upassungen. Ënner anerem fält de Cortège virum Te Deum aus.
D'Gemeng deelt mat, datt e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg keng obligatoresch Schoul fir d'Kanner ass. Eng Betreiung op der Plaz ass awer garantéiert an d'Maison Relaise sinn och op. De Schoultransport leeft wéi gewinnt.
E Méindeg am Nomëtteg falen d'Coursen am Fondamental aus. Wéi bei anere Schoulen och, déi dës Annonce gemaach hunn, wäert och hei nees en Accueil fir Schüler assuréiert ginn, déi net heem kënnen. Am Laf vum Méindeg koum vun der Gemeng dann d'Informatioun, datt een och e Mëttwoch an e Freideg op déi selwecht Manéier wäert verfueren.
Och op Nationalfeierdag mécht d'Gemeng am Programm Upassungen. Esou ginn d'Gerben um 19:15 néiergeluecht an de Cortège geet um 19:30 op der Brillplaz fort. Alles, wat no 20 Auer geplangt ass, wäert och esou duerchgefouert ginn.
De Recyclingzenter vu Kielen passt seng Ouvertureszäite wéinst der aktueller Hëtzt un. An der Woch vum 22.-27. Juni ass de Recyclingzenter vu moies 7 bis mëttes 14 Auer op. Et ass dann och den Opruff, wgl, sou fréi wéi méiglech moies seng Saachen am Zenter ofzeginn.
Och zu Konsdref fält den Unterrecht e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg aus. Wéi de Schäfferot matdeelt, gëtt och hei en Accueil vum Léierpersonal organiséiert an och de Schoultransport an d'Maison relais funktionéieren normal.

Och d'Gemeng Lëntgen huet decidéiert, de Schüler e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg wéinst der Hëtzt fräi ze ginn.

An de Cyclen 1 bis 4 ass e Mëttwoch an de Freideg am Nomëtteg keng Schoul. Eng Permanence ass assuréiert.
Fir den Te Deum op Nationalfeierdag ginn de Leit Waasserfläschen zu Verfügung gestallt an de Programm gëtt gekierzt.
Wéinst der aussergewéinlecher Hëtzt gëllt zu Lëtzebuerg vun e Méindeg un eng Alerte rouge. Déi héich Temperature waren e Sonndeg och e wichtegt Thema bei der Generalprouf fir d'Militärparad um Nationalfeierdag. Fir den 23. Juni ginn Temperaturen iwwer 30 Grad erwaart. D'Organisateuren hu sech dofir op verschidde Mesurë gëeenegt.
Lycée Fieldgen
Wéi de Privat-Lycée op sengem Internetsite matdeelt, wäerten e Mëttwoch an e Freideg vu 14:15 Auer u keng Course sinn. Och d'Retenuen an d'ausserschoulesch Aktivitéite sinn deen Ament ofgesot an d'Schüler dierfen heemgoen. D'Schoulgebai wäert awer op béiden Deeg mëttes op sinn a fir déi Schüler, déi keng Méiglechkeet hunn, fir heem ze goen, wäert en Accueil organiséiert ginn.
D'Schüler aus dem Lycée Robert Schuman hu vun e Mëttwoch bis e Freideg just Schoul bis d'Mëttegstonn, wéi de Lycée matdeelt. Fir d'Klasse vu 7ième bis 5ième ass dat vun 11:25 Auer un, fir d'Klasse vu 4ième bis 2ième vun 12:15 Auer un.
Wann d'Kanner net kënnen heem goen, soll d'Schoul bis 11:30 Auer doriwwer informéiert ginn.
De Schäfferot vun der Gemeng Mërtert-Wasserbëlleg huet decidéiert, dass de Schoulunterrecht an de Cyclen 1 bis 4 e Méindegnomëtteg wäert ausfalen. Moies wäert normal Schoul sinn. Wärend dem Nomëtteg gëtt en Accueil duerch d'Léierpersonal garantéiert an d'Maisons relaise funktionéieren zu den normalen Zäiten.

Dat selwecht gëllt och fir e Mëttwoch de Mëtteg, huet d'Gemeng an engem weidere Schreiwes matgedeelt.
Wéinst der extremer Hëtzt huet de Schäfferot, a Concertatioun mat der Schoul a Maison relais, decidéiert, d'Schoulorganisatioun fir de Freideg, 26. Juni, unzepassen. Fir dësen Dag kënnen d'Elteren, déi dat wënschen, hir Kanner schonn nom Enn vum Moiesunterrecht ofhuelen a si vun de Kueren an Aktivitéiten am Nomëtteg dispenséieren.
Déi concernéiert Eltere si gebieden, d'Léierpersoun vun hirem Kand, esou wéi d'Maison relais am Virfeld doriwwer ze informéieren.
Fir d'Kanner, déi net ofgeholl ginn, bleiwen d'Aktivitéiten am Nomëtteg normal assuréiert. Och d'Maison relais fonctionéiert wéi gewinnt no dem normalen Horaire.
D'Marche Gourmande vum Kiwanis Club op Nationalfeierdag gouf de Wiederkonditiounen ugepasst. Si geet elo tëscht 8 an 8:30 Auer fort an de Menu gëtt vun 11 Auer un op der Méchelsplaz zerwéiert.
De Cortège virum Te Deum zu Lamadelaine ass ofgesot. D'Leit, déi un der Mass deelhuele wëllen, solle fir 10:30 Auer an der Kierch sinn. D'Festivitéiten op der Place J-F. Kennedy zu Péiteng ginn awer wéi geplangt ofgehalen.
D'Gemeng deelt mat, datt d'Schoul mëttwochs a freides mëttes ausfält. En Accueil fir Kanner, déi net heem kënne goen, gëtt vun den Enseignantë garantéiert. D'Maison relais an d'Schoulbusse funktionéiere wéi gewinnt.
No Ofsprooch mam Comité d’école, gouf entscheet, déi üblech Organisatioun vun de Coursë bäizebehalen.
Fir awer der aussergewéinlecher Situatioun Rechnung ze droen, kënnen d'Elteren hir Kanner de 26. Juni ab 12:00 Auer (Cycle 1), respektiv ab 11:55 Auer (Cyclen 2 bis 4) ofhuelen a si vun de Schoulaktivitéite vum Nomëtteg dispenséieren. An deem Fall sollen d'Elteren d'Personal am Viraus doriwwer informéieren.
Den SEA souwéi de Schoultransport fonctionéiere weider no den üblechen Horairen.
D'Stad Réimech huet matgedeelt, datt wéinst der Hëtzt e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg kee Schoulunterrecht wäert sinn. Eng Betreiung gëtt vum Léierpersonal assuréiert.
Eltere si gebieden, matzedeelen, ob d'Kand heem geet oder an der Schoul bleift.
Den Detail fannt Dir um Site vun der Stad Réimech.
Wéinst den héijen Temperature fält de Schoulunterrecht an der Grondschoul Reisdorf (Cycle 1-4) e Freideg, 26. Juni, vun 12:00 Auer un aus. Elteren, déi d'Méiglechkeet hunn, hir Kanner mëttes ofzehuelen, gi gebieden, dat ze maachen.
Fir all aner Kanner ass den Accueil duerch d'Léierpersonal garantéiert.
D'Maison relais an de Schoultransport fonctionéiere wéi gewinnt, Kanner sollen awer bei der Maison relais ofgemellt ginn, wa se doheem bleiwen.
E Méindeg am Nomëtteg falen d'Coursen am Fondamental aus. Wéi bei anere Schoulen och, déi dës Annonce gemaach hunn, wäert och hei nees en Accueil fir Schüler assuréiert ginn. déi net heem kënnen.
Och d'Gemeng Rouspert-Mompech informéiert d'Elteren an engem Schreiwes doriwwer, dass e Mëttwoch- a Freidegmëtteg fir d'Cyclen 1 bis 4 kee Cours ass. Et wier awer en Accueil garantéiert. De Schoulbus fiert iwwerdeems normal an och d'Maison relais ass op béiden Deeg op.
Wéi d'Gemeng Sandweiler matdeelt, wäert souwuel e Méindeg wéi och e Mëttwoch am Fondamental am Nomëtteg kee Cours gehale ginn. Wéi gewinnt wäert och hei am Nomëtteg awer en Accueil duerch d'Léierpersonal assuréiert ginn.
Déi offiziell Kommunikatioun vun der Gemeng Sandweiler fannt Dir hei.
Déi selwecht Mesurë goufen dann och fir e Freideg en place gesat, wéi um Site vun der Gemeng ze liesen ass.
D'Schoul wäert wéi geplangt ofgehale ginn, d'Eltere kënnen d'Kanner awer fir de Cours e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg entschëllegen. D'Eltere solle just dem Schoulpersonal an der Maison relais d'Informatioun ginn, datt d'Kanner net kommen. D'Maison relais wéi och de Schoultransport funktionéiere wéi gewinnt.
D'Schreiwes vun der Gemeng fannt Dir hei.
Wéinst den héijen Temperature gouf de Programm vum Nationalfeierdag an der Gemeng Schëtter ugepasst. Dat deelt d'Gemeng op hirem Internetsite mat. Den Te Deum an d'Volleksfest fanne wéi geplangt statt. De Cortège gouf allerdéngs opgrond vun der Hëtzt annuléiert.
Um 15 Auer stinn op der Kiercheplaz Navetten zur Verfügung, fir nom Te Deum an der Kierch op de Campus ze kommen.
De Cortège virum Te Deum am Kader vun Nationalfeierdag fält wéinst der Hëtzt aus, Treffpunkt ass elo direkt um 18:30 Auer bei der Kierch. Wärend dem offizielle Programm gëtt de Leit Waasser zu Verfügung gestallt.
D'Gemeng deelt mat, datt de Cortège fir Nationalfeierdag elo virum Alersheem an der Rue Dickskopp zu Zolwer fortgeet. Fir Gratis Waasser op der Plaz ass gesuergt.
Och an der Gemeng Stroossen brauchen d'Kanner vun de Cyclen 1 bis 4 just bis 12 Auer an d'Schoul ze goen. Fir déi, déi net heem kënnen, gëtt et en Accueil.

D'Gemeng Veianen huet decidéiert, d'Coursen am Nomëtteg fir d'Schüler vun de Cyclen 1 bis 4 ausfalen ze loossen. Och hei gëtt et en Accueil fir Kanner, déi net kënnen doheem bleiwen.

De Schäfferot vun der Gemeng Wäiswampech deelt mat, datt dëse Freideg, de 26. Juni, de Schoulunterrecht am Nomëtteg fir d'Cyclen 1 bis 4 fakultativ ass.
D'Eltere kënnen also selwer decidéieren, ob hiert Kand an d'Schoul geet oder net. Am Fall vun enger Absence gi si gebieden, de concernéierte Klassentitulaire doriwwer ze informéieren. Dat selwecht gëllt fir Kanner, déi u sech an d'Maison relais ginn.
D'Léierpersonal organiséiert ugepasste pedagogesch Aktivitéite fir d'Kanner, déi an d'Schoul kommen. D'Maison relais an de Schoultransport funktionéieren no de gewinnten Zäiten.
Zu Waldbëlleg fält de Schoulunterrecht e Mëttwoch an e Freideg de Mëtteg aus. Dat deelt d'Gemeng an engem Schreiwes op de soziale Medie mat. Och hei ass en Accord vun de Schüler assuréiert an d'Maison relais an de de Schoultransport funktionéieren zu de gewinnten Zäiten.
Och am Norden an der Gemeng Wëntger fält de Cours am Nomëtteg aus, dat e Méindeg, e Mëttwoch an e Freideg. Och d'Aktivitéite vun der LASEP si fir déi Deeg annuléiert. Eng Betreiung duerch d'Maison relais an d'Léierpersonal ass awer och hei nees garantéiert.
Offizielle Communiqué vum Schäfferot vun der Gemeng Wëntger
Fir d'Schoule Reenert a Villa Millermoaler fält d'Schoul e Mëttwoch a Freideg de Mëtteg aus. De Cycle 1 vum Geenzepark geet e Mëttwoch, Donneschdeg a Freideg just bis 11:55 Auer an d'Schoul, de Cycle 2 bis 4 huet op deenen Deeg vun 12:15 Auer u fräi. Fir déi Kanner, déi an der Schoul bleiwen, ass eng Betreiung duerch d'Maison relais an d'Léierpersonal garantéiert.