Am Kader vum 35. Kongress vun de Cremanten aus Frankräich a Lëtzebuerg goufen zu Munneref nees déi beschte Produiten aus der Regioun ausgezeechent. 180 Persoune waren am Jury, insgesamt goufe 457 Echantillonen aus aacht franséische Regiounen a vun der Lëtzebuerger Musel geschmaacht. Dovun 117 Lëtzebuerger Cremanten.
Um Enn goufen 28 Goldmedailen an 10 Sëlwermedaile u Lëtzebuerger verdeelt.