Si waren am Kader vum 35. Kongress vun de Crémanten aus Frankräich a Lëtzebuerg am Jury vum Concours. Si krute spruddelech Wäiner aus aacht franséische Regiounen ze schmaachen an eben och e puer vun der Lëtzebuerger Musel.
De Festsall vun den Thermen zu Munneref. 30 Dëscher à sechs Leit. Op den Dëscher vill Glieser, e bëssen Brout, an anonymiséiert Fläschen. Wat ee just vereenzelt gesäit: Bicker an Ziedelen. D’Claire Sertznig, Spriecherin vu Vins et Crémants a Matorganisatrice, erkläert:
“De Jury huet dëst Joer fir d’alleréischt Kéier ganz digital geschmaacht. Dat heescht, si hunn hir Notten online enregistréiert an dann ass et am Fong esou, dass de Jury ënner sech muss eens ginn, sech kalibréieren, wien da lo eng Goldmedail kritt. Dat geet iwwert e Punktesystem vun 20 Punkten an do gesäit een dann herno, wie Gold, Sëlwer, Bronze oder leider näischt kritt.”
Iwwer 450 Cremanten hu misse geschmaacht ginn. De Gros aus Frankräich, ëmmerhi waren der aus dem Elsass, Bordeaux, Bourgogne, Die, Jura, Limoux, Loire a Savoie dobäi. Mä mat 117 Cremante vun der Musel war och Lëtzebuerg gutt vertrueden.
“Et sinn der e gutt Stéck méi wéi nach déi Jore virdrun. Ech mengen, et gesäit ee jo och, e Véierels vun den Echantillone komme vu Lëtzebuerg. Et ass ëmmer déi Regioun am Fong, déi och d’Gaaschtland oder d’Gaaschtregioun ass, wou déi meeschten Echantillonen och hierkommen.”
De Jean-François Delorme aus der Bourgogne, deem säi Palais, wat Cremant ugeet, besonnesch gutt soll sinn, bewäert zanter 35 Joer d’Kreatioune vun de Wënzer. Hie weess genee, wéi eng Krittären him wichteg sinn, no wat hie bei engem Cremant sicht.
“La légèreté, la finesse, c’est déjà l’une des premières qualités dans une catégorie. Par contre, vous avez des crémants plus matures, plus accomplis, ou vous avez d’autres parfums qui sont des parfums qui se marient davantage avec une gastronomie mangée.”
Well d’Regioune ganz ënnerschiddlech sinn, ginn hir Cremanten och pro Regioun klasséiert. Et kann ee se net matenee vergläichen, gëtt de Franck Berkulès, Responsabel fir Kommunikatioun an Export bei der Interprofession vun de Wäiner aus der Savoie, ze bedenken:
“Ce sont des choses différentes, parce qu’on a des terroirs, on a des altitudes différentes, on a des climats qui sont différents. Après on retrouve quand même, le cahier des charges des crémants, il donne quand même une, on va dire, une certaine typicité à l’ensemble des crémants et une certaine homogénéité. Mais après, c’est vrai que les régions parlent d’elles-mêmes. Chacune a ses atouts, chacune a ses forces. Et puis ce sont surtout ses vignes, ses vignerons qui travaillent de manière parfois différente.”
De fréiere Wäikontroller beim Institut Viti-vinicole Marc Kuhn freet sech iwwer d’Qualitéit vun de Lëtzebuerger Cremanten, déi hie schmaachen a bewäerte konnt.
“Et ass eng permanent Verbesserung. An haut, wat hei stattfënnt, dat deet mir e bëssen d’Häerz glucksen.”
Effektiv huet den Éierewäikontroller net wéineg Merite drun, dass et dëst Joer schonn de 35. Anniversaire vum Crémant de Luxembourg ass. E Freideg war hie President vu sengem Grupp vun Degustateuren.
“Mir hunn hei Lëtzebuerger Rosé geschmaacht. An do muss ech soen, ass schonn eng staark Variatioun dran. An do schmaacht een och den Know-How vum eenzele Wënzer, deen awer säin eegene Stil huet. An do geet et natierlech drëms, fir erauszefannen, wou läit de Merite fir eng Gold oder eng Sëlwer, eng Bronze. Mir schéngt, um Dësch hei gi mer elo vun zwielef Wäiner op zwou Gold, vläicht dräi hin. Ech muss och soen, wat mech e bëssen erstaunt huet, dat ass, dass mir sechs Degustateuren, do si véier franséisch Kolleegen derbäi, aus dem Jura, aus der Bourgogne, aus der Savoie, mir awer dach an engem Boot sëtzen. Also mir hu keng Diskussiounen. Dat sinn excellent Degustateuren, Fachleit, Professioneller an ech mengen dat schwätzt fir dëse Concours.”
Schued u sech, dass déi meescht Jurymemberen de Gros vun de Cremanten nees rausgespaut hunn, wéi et sech ebe gehéiert, wann duerno nach Apero, Mëttegiessen, Degustatiounsatelieren an e Gala-Dinner um Programm stinn. Et geet jo hei ëm Qualitéit, manner ëm Quantitéit.
Wéi eng Cremanten da pro Regioun a Kategorie eng Gold-, Sëlwer, oder Bronzemedail kréien, gëtt een e Freideg den Owend gewuer. D’Präisiwwerreechung ass um 19 Auer am Centre culturel zu Gréiwemaacher. D’Laureate ginn duerno och an engem Communiqué matgedeelt.