Joer fir Joer entscheet e Jury aus internationalen Experten iwwer déi beschte Pressefotoen. An der Abtei Neimënster kann ee sech den Ament d’World Press Photo Expo ukucken, déi méi wéi 150 priméiert Fotoen zesummebréngt.
Am Kader vun der mëttlerweil schonn 63. Editioun presentéieren de World Press Photo Concours an d’Expo, déi dozou gehéiert, dem Public den Zoustand vun der Welt an deene beschte Pressefotoen.
Eng Foto hat 2020 aus ronn 74.000 Biller ganz besonnesch erausgestach. D’Gewënnerfoto „Straight Voice“ vum AFP-Fotograf Yasuyoshi Chiba weist e jonke sudaneseschen Demonstrant deen, vun Handye beliicht, ee Protestgedicht rezitéiert.
Biller soe jo bekanntlech méi wéi dausend Wieder. Déi ausgestallte priméiert Wierker sinn dramatesch Fotoe vu Krich a Leed, ma och beweegent Momentopnamen aus de Beräicher Ëmwelt, Natur, Sport a Portrait.
Eng gutt Pressfoto weist eis d’Realitéit, ass kloer an hirer Sprooch a léisst Emotiounen aus. Ma et dierf och net un ästhetesche Qualitéite feelen, mengt de Fotografie-Expert Paul di Felice.
Nach bis den 21. Februar kann een déi weltbeschte Pressefotoen aus dem Joer 2020 am Neimënster entdecken.