
No enger Entrevue vu Vertrieder vu Russland an der Ukrain am Wäissen Haus huet den US-President en "grousst, schéint Ofkommes" mat Russland an Aussiicht gestallt, dat net nëmmen d'Ukrain, mä méiglecherweis "ganz Europa" betreffe kéint. "E wäert méi wéi d'Ukrain ëmfaassen, an ech kéint souguer soen, datt e ganz Europa ëmfaasse kéint", sot den Trump en Donneschdeg viru Journalisten. Den US-President kéint zwar net an den Detail vun de Gespréicher goen, sot hien, allerdéngs huet hien e "schéint, grousst Ofkommes" an Aussiicht gestallt, bei deem "jidderee begeeschtert wäert sinn".
Eegenen Aussoen no huet den US-President sech mam Kreml-Beroder Kirill Dmitrijew am Wäissen Haus zu Washington getraff. D'First Lady Melania hat virdru Vertrieder vu Moskau a Kiew am Wäissen Haus empfaangen, dorënner och dem Dmitrijew. Hei hätt d'Melania sech fir eng "dauerhaft" Wafferou an der Ukrain ausgeschwat. Als Virbild kéint de Waffestëllstand iwwer sechs Deeg an der Stad Oleschky déi lescht Woch déngen, sot d'Fra vum US-President.
"Elo musse mir de Mutt, dee mir op Oleschky bruecht hunn, notzen, fir duerch dat gemeinsaamt Matgefill fir d'Leed vun onschëllege Mënschen eng Basis fir en Accord ze fannen", sot d'Melania Trump viru Journalisten. "Zesumme kënne mir eppes erreechen, dat méi laang dauert wéi en temporäre Waffestëllstand."
D'Melania Trump, déi a Slowenien gebuer ass, huet erkläert, datt si dem Dmitrijew an dem ukrainesche Vertrieder David Arachamia Bréiwer fir hir Presidenten iwwerreecht hätt. De russesche Vertrieder huet sengersäits erkläert, hien hätt der First Lady am Numm vum Putin fir hir "humanitär Roll" Merci gesot.
Eréischt e Mëttwoch hat de Selenskyj d'Melania Trump wéinst hire Beméiungen ëm Oleschky mat engem nationalen Uerden ausgezeechent. Hie géing domat hire "perséinleche Bäitrag zu der humanitärer Ënnerstëtzung fir d'Ukrain souwéi hiren Engagement fir Mënscherechter" éieren.
D'First Lady hat déi limitéiert Wafferou an der ukrainescher Stad Oleschky, déi vu Russland besat ass, vermëttelt, fir en humanitären Asaz z'erméiglechen. De Waffestëllstand, dee bis e Sonndeg gegollt huet, war déi längst zanter dem Ufank vum Krich viru méi wéi véier Joer. D'Melania Trump hat sech an der Vergaangenheet ëmmer nees fir de Retour vun ukrainesche Kanner, déi a Russland verschleeft gouf, staark gemaach.