
Nom extreeme Summer gëtt 2026 zimmlech sécher dat zweetwäermste Joer zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen. Dat war bis lo 2024, ma dat kéint sech méiglecherweis nach änneren, esou den EU-Klimadéngscht Copernicus e Freideg. Den Oktober war deemno de wäermsten Oktober, deen et bis elo ginn ass.
Déi global Duerchschnëttstemperatur louch vergaangene Mount 1,75 Grad iwwer dem preindustriellen Niveau. Domadder gouf schonn den drëtte Mount hannerteneen d'Grenz vun 1,5 Grad depasséiert. Déi international Societéit hat beim Paräisser Klimaofkommes vun 2015 schaarf betount, datt d'Äerderwäermung ënner zwee Grad , méiglechst awer op 1,5 Grad am Vergläich mam preindustriellen Zäitalter misst begrenzt ginn.
Och d'Mierestemperature sinn am Oktober aussergewéinlech héich. D'Duerchschnëttstemperatur op der Mieresuewerfläch baussent der Polarregioun huet leschte Mount 20,95 Grad erreecht. Domadder ass den Oktoberrekord vun 2023 gebrach ginn. Am Pazifik, wou den El Niño sech weider verstäerkt huet, sinn d'Temperaturen ëm 3,21 Grad geklommen, och hei en historeschen Héchstwäert.
An Europa suergen déi waarm Temperature fir Rekordhëtzten an och de Waasserpeegel vun de Flëss geet staark erof. Betraff waren ënner anerem de Rhäin, d'Donau an d'Weichsel. An enger Rei Länner koum et ausserdeem zu heftegem Reen an Iwwerschwemmungen, dorënner Groussbritannien, Irland, Spuenien, Griicheland an d'Tierkei.