
D'Ilse Aigner gëtt ëmmer méi als méiglech Nofollgerin vum däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier gehandelt, dat mellt d'ARD. D'Presidentin vum bayresche Landtag an CSU-Politikerin kritt mëttlerweil Ënnerstëtzung iwwer Parteigrenzen eraus.
Nieft dem CSU-Chef Markus Söder hunn och Vertrieder vun der CDU, der SPD an deene Grénge positiv op eng méiglech Kandidatur reagéiert. D'Wiel vum neie Bundespresident ass fir den 30. Januar 2027 virgesinn.
D'Nominéierung vun der CSU Politikerin soll deemno e Méindeg annoncéiert ginn. Eng Decisioun fält awer eréischt den 30. Januar.