Krich an der UkrainMelania Trump rifft zu enger Wafferou op

AFP, iwwersat vun RTL
De Selenskyj hat eréischt e Mëttwoch dem Melania Trump en nationalen Uerden iwwerreecht, dat fir hiren Asaz ëm d'Stad Oleschky.
© AFP/ALEX EDELMAN

D'First Lady vun den USA, d'Melania Trump, fuerdert eng dauerhaft Wafferou an der Ukrain. Als Virbild kéint d'Wafferou vu sechs Deeg an der südukrainescher Stad Oleschky déngen, sou d'Fra vum President Donald Trump en Donneschdeg zu Washington bei engem Treffe vun Ënnerhändler aus Russland an der Ukrain. Déi kuerz Wafferou zu Oleschky ass e Sonndeg ausgelaf, d'Melania Trump hat sech dofir agesat.

"Ech hoffen, dass Oleschky fir e méi grousse Fridden inspiréiert", sou d'First Lady op enger gemeinsamer Pressekonferenz mam Kreml-Beroder Kirill Dmitrijew an dem ukraineschen Ënnerhändler David Arachamia.

All bedeitend Verännerung géif "mat engem klenge Fonken" ugoen, sou d'Melania Trump nach weider. Si huet dann och béide Representanten Bréiwer fir de russesche President Wladimir Putin an den ukrainesche Staatschef Wolodymyr Selenskyj matginn.

De Selenskyj hat eréischt e Mëttwoch dem Melania Trump en nationalen Uerden iwwerreecht, dat fir hiren Asaz ëm d'Stad Oleschky. Dës Wafferou, déi vun en Dënschdeg bis e Sonndeg gedauert huet, fir humanitär an der Regioun kënnen anzegräifen, war déi längste Paus vum Krich, zënter dem Ufank vum Konflikt viru véier an engem hallwe Joer.

Back to Top
CIM LOGO