Obduktioun vun der LäichKeng Unzeeche fir Friemawierkung beim Doud vum Hubert Aiwanger

AFP, iwwersat vun RTL
De bayresche Wirtschaftsminister ass e Mëttwoch dout a sengem Hotelszëmmer zu Berlin fonnt ginn.
D'Läich vum Hubert Aiwanger gouf an dësem Hotel zu Berlin fonnt.
D'Läich vum Hubert Aiwanger gouf an dësem Hotel zu Berlin fonnt.
© VOLODYMYR SINDIEIEV/Anadolu via AFP

Bei der Obduktioun vun der Läich vum verstuerwene bayresche Wirtschaftsminister Hubert Aiwanger si keng Unzeeche vun enger Friemawierkung festgestallt ginn. Dat huet de Parquet vu Berlin en Donneschdeg matgedeelt. Gläichzäiteg war et d'Annonce, dass et am Kader vun der Enquête ëm den Doud vum Politiker weider geriichtsmedezinesch Analyse wäert ginn.

De Chef vun de Freien Wähler ass e Mëttwochowend dout a sengem Hotelszëmmer zu Berlin fonnt ginn. Eigentlech sollt hien un der Ouverture vun engem Büro vu senger Partei zu Berlin deelhuelen. Hien hat sech awer aus gesondheetleche Grënn ofgemellt. Den Aiwanger ass 55 Joer al ginn.

Back to Top
CIM LOGO