A Frankräich hunn déi grouss Gewerkschaften en Donneschdeg zu engem landeswäite Streik opgeruff. Si fuerdere méi héich Paien a méi sozial Gerechtegkeet. Och Schüler a Studenten hu sech un de Protester bedeelegt, bei deenen et op verschiddene Plazen nees zu Gewalt koum.
Zéngdausende Mënschen hunn en Donneschdeg zu Paräis, Marseille, Lyon, Nantes an anere franséische Stied manifestéiert. No Woche vu Protester géint déi héich Liewenskäschten hunn dës Kéier déi grouss Gewerkschaften zu engem Streik opgeruff. Mataarbechter aus dem ëffentlechen Déngscht an aus private Betriber hunn hir Aarbecht néiergeluecht.
Bis 13 Auer huet d'Gewerkschaft CGT iwwer 250.000 Manifestanten an 73 Stied gezielt. Am ganze Land waren iwwer 250 Demonstratiounen an Aktiounen ugekënnegt ginn.
D'Gewerkschafte fuerdere méi héich Paien, eng besser Kafkraaft a méi sozial Gerechtegkeet. Ënner anerem soll de franséische Mindestloun, de Smic, gehéicht ginn. D'CGT verlaangt eng Hausse vun zéng Prozent, d'Gewerkschaft CFDT vun 100 Euro netto. Och fir den ëffentlechen Déngscht soll méi Geld zur Verfügung gestallt ginn.
Ënnerstëtzung kruten d'Gewerkschafte vu Schüler a Studenten, déi zanter September géint de Manktem u Personal a finanzielle Moyenen am Educatiounssystem protestéieren. Si fuerdere méi Enseignanten, besser Schoulgebaier a méi Sue fir d'Bildung.
Wéi vill Schoulen en Donneschdeg betraff waren, ass ëmstridden. D'Regierung huet 81 blockéiert Lycéeë gemellt. D'Schüler- an Enseignantsgewerkschafte schwätzen dogéint vu bal 1.000 Lycéeën, déi entweder blockéiert oder zou waren.
No de Protester vun de leschte Woche war d'Police mat engem groussen Dispositiv am Asaz. 70.000 Polizisten a Gendaarme goufe mobiliséiert, donieft och gepanzert Gefierer, Waasserwerfer a Spezialunitéiten.
Den Inneminister Laurent Nuñez hat schonn e Mëttwoch en haart Duerchgräifen ugekënnegt. Hie géif keng Eskalatioun toleréieren, esou de Minister.
Trotzdeem koum et och en Donneschdeg nees zu Zesummestéiss tëscht Police a Manifestanten. Zu Lyon huet d'Police Tréinegas géint Manifestanten agesat. Och zu Paräis an zu Stroossbuerg gouf et Ausernanersetzunge bei de Blockade vu Lycéeën.
Besonnesch schlëmm war en Tëschefall zu Tournefeuille bei Toulouse. Do sinn de Moie géint 7.45 Auer ronn 30 vermummte Persounen an e Lycée gestiermt an hunn en Deel vum Gebai a Brand gestach. D'Schoul huet missen evakuéiert ginn.
Blesséiert gouf keen, de Materialschued ass awer héich. D'Regioun Occitanie wëll Plainte maachen. Wéini den Unterrecht nees kann ufänken, ass nach onkloer.
D'Protester setzen d'franséisch Regierung weider ënner Drock. Si huet méiglech Mesurë beim Mindestloun an Aussiicht gestallt. Verschidde Gewerkschaften a Protester awer och an den nächsten Deeg weiderféieren.
Ënnert anerem zu Paräis, awer och op anere Plazen a Frankräich, hunn d'Demonstranten eng Gedenkminutt fir d'Affer vun enger rassistescher Attack gehalen. Eng Persoun ass virun zwou Wochen bei Paräis ëmkomm, weiderer goufe blesséiert.
An der franséischer Haaptstad hunn dann och e puer Presidentschaftskandidaten un den Demonstratiounen deelgeholl, dorënner de Lénkspopulist Jean-Luc Mélenchon an d'Marine Tondelier vun der grénger Partei. De Sozialdemokrat Raphaël Glucksmann gouf ausgepaff an huet kuerz drop d'Demo nees verlooss.
D'Protester déi zënter Wochen elo schonn unhalen, markéiere massiv de Presidentschaftswalkampf a Frankräich. Am Moment huet d'Rietspopulistin Marine Le Pen jo déi beschten Aussiichten op eng Victoire bei de Walen.
Ënnert anerem verschidde Syndikater hunn zu Streikaktiounen opgeruff, notamment d'Eisebunner-Gewerkschaften.Et ginn ënner anerem Lounerhéijunge gefrot.
Wéinst dem Streik kann et zu Problemer um Zuch-Reseau kommen. Och d'CFL maachen op hirem Site op Perturbatiounen opmierksam.
Op der Streck Lëtzebuerg-Metz wier mat Retarden an Annulatiounen ze rechnen.