Russesch Agenten?Fënnef Festname wéinst Spionage-Verdacht a Polen

AFP, iwwersat vun RTL
Bei dëse fënnef Persoune kéint et sech ëm russesch Agenten handelen, véier Leit koumen an Untersuchungshaft.
© WOJTEK RADWANSKI/AFP

Wéinst Spionage-Verdacht goufen en Donneschdeg a Polen 5 Leit festgeholl. Bei dëse Persoune kéint et sech ëm russesch Agenten handelen. Si sollen och gehollef hunn, Waffen a Munitioun fir Moskau ze beschafen.

Wéi et heescht, soll et sech bei de Verdächtegen ëm véier Polen am Alter tëscht 25 an 52 Joer an eng Russin am Alter vu 37 Joer handelen, sou de Coordinateur vum Geheimdéngscht den Tomasz Siemoniak en Donneschdeg op X. Wéi den ABW, also den Inlandsgeheimdéngscht, matdeelt, koume véier vun dëse Verdächtegen wéinst de Virwërf an Untersuchungshaft.

Dem polnesche Geheimdéngscht no wieren a Polen zanter 2024 scho bal 100 Persounen am Zesummenhang mat Spionage a Sabotage-Virwërf ugeklot ginn.

D'EU- an NATO-Memberland Polen gehéiert zu de wichtegsten Ënnerstëtzer vun der Ukrain an ass en zentralen Hub fir westlech Waffen- an Hëllefsliwwerungen.

Back to Top
CIM LOGO