
Zwou Persoune sinn am Oste vu Frankräich, ronn 50 Kilometer nërdlech vu Lyon, bei engem Accident mat engem Bus, an deem och e mannerjärege Schüler souzen, gestuerwen. 16 weider Persounen am Bus goufen deels schwéier blesséiert, 3 Persoune sollen a Liewensgefor schwiewen.
Bei engem vun den Affer soll et sech ëm e Meedche vu 7 Joer handelen, beim aneren Affer ëm e jonke Mann vun 18 Joer, sou de Parquet vu Bourg-en-Bresse.
Am Linne-Bus, deen an der Gemeng Lent verongléckt ass, souzen och Schüler, sou de Bildungsminister Édouard Geffray.
Dem Parquet no soll de Schoulbus vu Lyon aus op Bourg-en-Bresse ënnerwee gewiescht sinn. U Bord waren 43 Passagéier, dorënner 15 Mannerjäreger.
De Bus war e Freideg de Moie géint 7 Auer vun der Strooss ofkomm a géint e Bam an engem Rampli gerannt. Dat präziséiert de Buergermeeschter vu Lent, den Yves Cristin um Sender BFMTV. Wéi et genee dozou komm ass, ass nach onkloer. Och de Buschauffeur koum an d'Spidol a konnt bis ewell net befrot ginn, heescht et säitens dem Parquet.
Iwwer 100 Pompjeeën a 50 Gendaarmen waren am Asaz. D'Strooss gouf groussraimeg gespaart.