Sucht an IessstéierungenEU-Kommissioun wëll, dass Tiktok säin Algorithmus ännert

AFP, iwwersat vun RTL
Bei de Virwërf vu Bréissel geet et ëm de sougenannte "Rabbit Hole"-Effekt, dee bei Tiktok kéint antrieden.
© AFP/Loic Venance

D'Videoplattform Tiktok muss op Uerder vu Bréissel den Algorithmus änneren, fir déi physesch Gesondheet vu senge Userinnen a User ze protegéieren. D'EU-Kommissioun huet Tiktok e Freideg virgehäit, dass déi momentan Funktiounsweis vun der App "schiedlech" wier a Suchtgeforen, sou wéi Iess- an Angschtsstéierungen ausléise kéint.

Tiktok selwer huet dës Virwërf zeréckgewisen, wëll awer mat der Kommissioun zesummeschaffen. Anescht misst de Konzern mat Geldstrofe rechnen.

Bei de Virwërf vu Bréissel geet et ëm de sougenannte "Rabbit Hole"-Effekt. Wat Usere méi dacks Videoe vu bestëmmte Sujete kucken, wat den Algorithmus méi änlech a méi extrem Videoe proposéiert.

"Dës Funktiounsweis ka schiedlech sinn, wann et bei dëse Contenue beispillsweis ëm Trauregkeet, d'Eleng sinn oder d'Kierperbild geet", sou d'EU-Kommissioun weider.

Back to Top
CIM LOGO