Eng Geschicht vu Spargelen a BalletD'Theaterstéck "White Gold" vum Larisa Faber

Claudia Kollwelter
"White Gold" heescht déi nei Kreatioun vum Larisa Faber. E Stéck bei deem Danz, Theater an Humor openeen treffen an ënnerschiddlech Geschichten erzielen, déi méi Parallellen hunn, wéi een Ufanks unhëlt.
© Jeannine Unsen Photography

Wat hu Spargelen a Ballet gemeinsam? Op den éischte Bléck fir déi meescht warscheinlech relativ wéineg. Dat gesäit d'Kënschtlerin Larisa Faber anescht, a weist dem Publikum an hirer neier Kreatioun "White Gold" un Hand vun enger Kombinatioun aus Danz, Theater an Humor, wou d'Parallellen tëscht dem wäisse Geméis an dem klasseschen Danz leien.

Ausgangspunkt vum Stéck

D'Larisa Faber ass a Rumänie gebuer, zu Lëtzebuerg opgewuess, huet selwer Ballet gedanzt, ass grousse Fan vum wäisse Spargel a freet sech och ëmmer op d'Spargel-Saison. An genee déi ënnerschiddlech Elementer huet si an e surrealistescht Wierk gepaakt.

D'Theaterstéck "White Gold" vum Larisa Faber / Claudia Kollwelter

Wärend dem éischte Lockdown ass d'Theaterkënschtlerin a Regisseurin op en Artikel gestouss, an deem et ëm e rumänesche Spargel-Pléckert gaangen ass, deen an Däitschland un de Suitte vu Covid gestuerwen ass. D'Larisa Faber ass dunn emol op déi ganz Ekonomie vun de Spargelen opmierksam ginn. Du koum d'Iddi, eppes iwwert de wäisse Spargel an d'Spargel-Pléckert ze schreiwen. Bewosst net aus der Siicht vun deenen, déi d'Geméis plécken, mee aus der Vue vum Spargel selwer. Dat hätt deem ganze méi Liichtegkeet an Humor erméiglecht, wat der Regisseurin wichteg ass an hire Stécker.

Ëm wat geet et am Stéck?

Bei der Fro, wéi deen Text och op der Bün kéint funktionéieren, koum dem Larisa Faber dunn d'Iddi vum Ballet, an zwar wéinst dem ganze Volet vu "Normen". De gudde Spargel ass genormt, soll eng gewësse Gréisst a Faarf hunn, op eng gewësse Manéier gepléckt ginn, fir datt en zur "Handelsklasse 1 Spargel" zielt, also de beschte Spargel. Norme respektiv Perfektioun, déi et och am Ballet ginn, wann et ëm de Kierper geet vun der Dänzerin. D'Ballerinaen hu professionell e limitéiert Liewen, an dat ass och bei der Spargel de Fall. De Spargel ass eng Planz, bei där no puer Joren d'Wuerzele mussen eraus gerappt ginn. Parallellen déi a "White Gold" gezu ginn, andeems zwou Gesichten erzielt ginn, déi sech och deelweis iwwerschneiden. Déi vun der jonker Spargel, déi drop an drun ass, gepléckt ze ginn an déi vun enger jonker Balletsdänzerin a Rumänien, där hir Mamm saisonal Spargel-Pléckerin ass an op d'Felder schaffe geet.

© Jeannine Unsen Photography

Ëmsetzung op der Bün

D'Larisa Faber huet engersäits mat engem dokumentaresche Volet geschafft, fir dee si op engem Haff zu Conter d'Spargel-Pléckert aus Polen bei hirer Aarbecht gefilmt huet a vun där se och vill iwwert hiren Alldag gewuer ginn ass. Op där aner Säit sinn zwou Fraen op der Bün, déi ënnerschiddlech Rolle verkierperen. Engersäits d'Actrice d'Kristin Winter, anersäits d'Dänzerin Christiane Eiffes. Hir Performance gëtt begleet vu klassescher Musek, déi vum Catherine Konz komponéiert, a vun engem Sträichquartett opgeholl gouf, woumat erëm eng Parallel zur der Balletswelt gezu gëtt.

E surrealistescht Wierk, an deem Theater, Beweegung, Danz an Humor matenee verbonne ginn, fir Aarbecht, Leeschtungsdrock, Saisonalitéit a Stierflechkeet ze thematiséieren. D'Stéck "White Gold" erzielt vu Mammen aus Osteuropa, vum Präis vun der Perfektioun a vun der Fro, wat et heescht, seng Wuerzelen hannert sech ze loossen.

© Jeannine Unsen Photography

D'Première vu "White Gold" ass den 12. November am Neimënster. D'Stéck gëtt och nach de 14., 16., an 18. November gespillt. All Informatiounen an Tickete fannt der um Internetsite vum Neimënster.

Back to Top
CIM LOGO