
"Les Découvreurs" ass ee Buch vum Amerikaner Daniel Joseph Boorstin aus den 1980er. Dee wollt d'Geschicht vun der Mënschheet net aus der Siicht vu Kinneken mat Datumer vu wichtege Schluechten erzielen, mä un Hand vun der Evolutioun vum Wëssen an dem technesche Fortschrëtt.
D'Adaptatioun vun deem Buch als Bande Dessinée ass vum Mathieu Gabella, d'Zeechnunge si vum Lëtzebuerger Antoine Grimée, an d'Resultat ass ee Buch vun 256 Säiten, dat een net onbedéngt am engem Stéck liest, mä dat sech immens liicht liest.
D'Zäit a wéi si gemooss gëtt, mat alle Repercussiounen dovun. Dann d'Geographie an d'Entdeckungen déi an deem Kontext gemaach goufen, an d'Wëssenschaften, mam Verstoe vum mënschleche Kierper an allem wat domat zesummen hänkt.
Als roude Fuedem gëtt et zwou Figuren, déi de Lieser duerch déi ganz Geschicht begleeden: Den Erzieler, deen den Daniel Boorstin duerstellt, anengems un den "Oncle Paul" aus der Zäitschrëft Spirou erënnert, an eng Figur déi fir dat Onbekannt an d'Ignoranz steet.
Natierlech kann an esou engem Buch net alles ernimmt ginn, wat d'Mënschheet entdeckt huet. Zum Deel well et Elementer gëtt déi sech graphesch net gutt ëmsetze loossen, zum Deel awer och, well d'Zuel un Entdeckungen am 20. Joerhonnert carrement explodéiert ass.
Alles an allem proposéiert d'Bande Dessinée een éischter positive Grondtoun iwwert den Impakt vun den Découvreuren op d'Evolutioun vun der Mënschheet, och wann déi negativ Säiten dovun net komplett ignoréiert ginn. Kritiken déi ugeschnidde gi sinn déi, datt et bei den Découvreuren eng immens europäesch Siicht gëtt, déi bal ganz ignoréiert, datt och an den arabesche Länner, oder an Asien wichteg Entdeckunge gemaach goufen. Wat doru läit datt am déi Entdecker am Originalbuch just eng Randnotiz waren. Eppes wat de Mathieu Gabella fir seng Adaptatioun awer ugepasst huet, fir der Realitéit méi gerecht ze ginn. An och datt all Entdeckung d'Mënschheet zwar ëmmer weider bruecht huet, dat awer och ee Präis hat, gëtt ugeschwat.
"Les Découvreurs" als Bande Dessinée huet 256 Säiten, ass bei den Editions Albin Michel Bande Dessinée erauskomm, a kascht ronn 25 Euro.
Wéi d'BD entstanen ass, wourop d'Auteuren opgepasst hunn, a wéi si déi aktuell Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz gesinn.