Sold-out Concert am AtelierAsaf Avidan: Eng Stëmm, déi ënner d'Haut geet

Claudia Kollwelter
Den Asaf Avidan huet um Mëttwochowend fir eng ganz speziell Ambiance am Atelier gesuergt an de Publikum net just mat senger eenzegaarteger Stëmm iwwerzeegt.

Schonn optesch huet den Owend eng ganz eege Welt opgemaach. Den Asaf Avidan a seng Museker stoungen an Outfits op der Bün, déi un d'40er- a 50er-Joren erënnert hunn. E bëssen nostalgesch, elegant an aus enger anerer Zäit. Dëse Look huet dem Concert eng besonnesch Ästhetik ginn an huet sech och musikalesch an der Atmosphär vum Owend erëmgespigelt.

Mee dat eigentlecht Erliefnis war seng Stëmm. Et ass faszinant, wéi den Asaf Avidan tëscht Héichten an Déiften hin an hier wiesselt, mat senger Stëmm spillt an hir eng onheemlech Villfalt un Ausdrocksméiglechkeete gëtt. Heiansdo zerbriechlech a bal zeréckhalend, dann nees voller Kraaft, rau an intensiv. Seng aussergewéinlech Stëmm ass e richtegt Markenzeechen, mee si ass och en Instrument, mat deem hie seng Lidder op eng ganz eege Manéier zum Liewe bréngt.

Dobäi huet hien net nëmme gesanglech, mee och musikalesch iwwerzeegt. Zesumme mat senge Museker huet hien eng Welt geschaaft, an där verschidde Stiler a Klangfaarwe matenee verschmëlzt sinn. D'Instrumenter, d'Dynamik an d'Zesummespill op der Bün hunn däitlech gemaach, datt hei net nëmmen eng aussergewéinlech Stëmm am Mëttelpunkt steet, mee och en Artist mat engem ausgepräägte musikalesche Gespier.

Gespaant huet de Public natierlech op säi bekanntste Lidd "Reckoning Song" gewaart. Et war e ganz rouege Moment, bei deem just de Sänger mat senger Gittar op der Bün stoung an all Aen an Oueren am Sall op hie geriicht waren. E Moment, an deem d'Musek an d'Stëmm ganz eleng fir sech schwätze konnten.

Asaf Avidan - Reckoning Song
Gespaant huet de Public op dem Asaf Avidan säi bekanntste Lidd "Reckoning Song" gewaart.

Den Asaf Avidan huet et sech och net huele gelooss, tëscht de Lidder déi eng oder aner Geschicht ze erzielen an de Public mat a säin Universum ze huelen. Dat huet hien op eng ganz natierlech, sympathesch an agreabel Manéier gemaach, esou datt een net nëmmen de Museker, mee och e bësse vum Mënsch hannert der Musek konnt kenneléieren.

Déi aussergewéinlech Stëmm vum Asaf Avidan, säi musikalescht Kënnen an eng sympathesch Ausstralung hunn de Concert um Mëttwoch Owend am Atelier zu engem ganz speziellen an atmosphäreschen Owend gemaach.

Back to Top
CIM LOGO