
Den Luxembourg Street Photography Festival ass mëttlerweil en Event fir all déi di Fotobegeeschtert sinn. Renomméiert Fotografen presentéieren hei hir Wierker di si an de Stroossen geknipst hunn. De Festival ass verbonnen mat Renconteren, Konferenzen, Workshoppen an enger Expo.

Bis de Sonndeg kann een sech d’Programmatioun ronderëm d’Street Photography an d’Rotonden ukucke goen.
De Museker Bartleby Delicate (Georges Goerens) huet eng nei EP mam Titel “Deadly Sadly Whatever”. Dës EP gëtt de 15. Mee am Kader vun engem Pop-Up Event am Creative Space “Am Gronn” an der Stad Lëtzebuerg virgestallt. Wärend dem Event vun 11:00 bis 18:00, wou ee fir di éischte Kéier di nei Vinyl an CD vum Bartleby Delicate kafe kann, kritt een och eng Ausstellung vun der Illustratorin Marthe Viehmann ze gesinn. Doniewent wäert och eng kulturpolitesch Performance stattfannen, déi sech mam Musékskonsum am Spotify-Zäitalter beschäftegt.
D‘Performance Auerzäiten vum Bartleby Delicate sinn um 11:30, 14:00 a 17:30 an der rue Münster am Gronn.
Dëse Weekend heescht et dann och erëm “Hop Hop an de Musée”. Méi wéi 40 Muséeën uechtert d’Land maachen hir Dieren op fir gratis d’Konscht, d’Geschicht an d’Kultur zu Lëtzebuerg ze entdecken. D’Museum Days bidden domat och eng gutt Geleeënheet sech mat den aktuellen Ausstellungen auserneen ze setzen an thematesch wei och inhaltlech nei Vuen ugebueden ze kréien.

De ganze Programm vun de Muséeën fënnt een hei
Mat der Ausstellung “Spring 21" proposéiert de Lëtzebuerger Kënschtler Armand Strainchamps seng perséinlech Aarbechten zum Thema Fréijoer. Seng Handschrëft definéiert sech duerch reduzéiert Formen a plakativ Faarwen. De Kënschtler konzentréiert sech op dat Essentiellt.

“Spring 21" vum Armand Strainchamps ass nach bis den 23. Mee an der Fondatioun Valentiny zu Rëmerschen ze gesinn.