No Corona-InfektiounSimpsons-Produzent Marc Wilmore gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De 57 Joer ale Marc Wilmore ass un de Suitte vun enger Corona-Infektioun gestuerwen. Hie hat e puer Episode vun de Simpsons produzéiert.

Dat huet säi Brudder, de Komiker a Moderator Larry Wilmore, an engem emotionale Message op Twitter matgedeelt.

De Marc Wilmore ass de 4. Mee 1963 am US-Bundesstaat Kalifornien op d’Welt komm. Hie war ënner anerem Auteur vun 12 Simpsons-Episoden an war bei iwwer 200 Episode Co-Executive Producer. Ze lescht war hie Produzent vun 10 Episode vun der Serie “F Is For Family”.

An den 90er Joren hat de Wilmore eng Nierentransplantatioun an zanterhier ëmmer nees gesondheetlech Problemer. Hien ass den 30. Januar am Pomona Valley Hospital gestuerwen, knapp eng Woch nodeems eng Corona-Infektioun festgestallt gouf.

Back to Top
CIM LOGO