
De Roland Kalté kennt een duerch seng Traficinformatiounen an d’RTL-Déckkäpp. Reng vun der Sprooch hier konnt hien ni verheemlechen, vu wou hie koum. Seng “Wouleken” si legendär. Dës Woch zielt hien awer och iwwer seng grouss Leidenschaft, de Fussball. Seng zwee Matcher mat der Aris géint Barcelona a seng Karriär an der Liichtathletik.
Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Patrick Kayser a Mike Fandel gëtt ee gewuer, wéi hien als Kand war, wou hie mam Grand-Duc Jean zesummegeschafft huet a wéi hien d’Äis bei senger Schwéiermamm gebrach huet.
Piano an der RTL City: Erny Delosch
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
