RIP"Police Academy"-Schauspillerin Marion Ramsey ass dout

RTL Lëtzebuerg
Hir hell an douce Stëmm war hiert Markenzeechen. Am Alter vun 73 Joer ass d'Marion Ramsey elo gestuerwen.
© Kevin Winter / Getty Images North America / Getty Images via AFP

Wéi et vun hirem Spriecher heescht, wier si “plëtzlech” Doheem zu Los Angeles verscheet. Detailer iwwert déi genau Doudesursaach goufe bis ewell net genannt.

Si war virun allem bekannt fir hir Roll als “Officer Laverne Hooks” an der Action-Komedie-Filmrei “Police Academy”. A 6 Deeler stoung d’Ramsey virun der Kamera an huet Gangstere gejot.

Donieft ass si an den 1970er Joren als “Bettie Davis” am Musical “Miss Moffat” opgetrueden, ma och an de Produktiounen “Grind” an “Hello, Dolly” war si ze gesinn. Hire leschten Optrëtt hat d’Actrice am Joer 2018 am Film “When I Sing”.

Back to Top
CIM LOGO