
Disney wëll en neie Black Panther op de Maart bréngen, ma dat ouni déi vum Boseman gespillte Figur “T’Challa”, déi jo als Black Panther an de rezente Marvel-Adaptatiounen ze gesi war. Mam Film wëll een de Chadwick Boseman, deen un Daarmkriibs gestuerwen ass, éieren. D’Roll vum “T’Challa” géif awer net ersat ginn, well dem Boseman seng Verkierperung vun der Figur ikonesch ass, esou de Marvel-Produzent Kevin Feige. Et géif een dofir awer op verschidde Charakteren zeréckgräifen, déi am éischte “Black Panther"-Film agefouert goufen.
De Boseman huet mam Black Panther den éischte schwaarze Superheld am MCU gespillt a gouf vu Fans a Kritiker gelueft. Black Panther war den éischte Superheldefilm, dee an der Kategorie “beschte Film” fir den Oscar nominéiert war a weltwäit iwwer eng Milliard Dollar agespillt huet.

De Film soll an der Zukunft vun der “Star Wars"-Galaxie spillen an den Titel “Rogue Squadron” kréien. Regie féiert d’Patty Jenking, déi sech ënner anerem en Numm mam Film “Wonder Woman” gemaach huet.
Am “Rogue Squadron” soll een eng nei Generatioun vu “Star Wars"-Pilote kenneléieren, déi hiert Liewe bei Héichgeschwindegkeetsmissioune riskéieren.

Mat “Thor: Love and Thunder” huet Disney e weidere Film mat engem bekannte Superheld aus dem MCU annoncéiert. De Christian Bale, dee jo schonn de Batman fir DC verkierpert huet, soll d’Roll vum Béisen an dësem Film iwwerhuelen. E weidere Film aus dem Marvel Cinematic Universe wäert den “Secret Invasion” ginn. An dësem Crossover wäert een ënner anerem de Samuel L. Jackson nees an der Roll vum Nick Fury gesinn.
E Kontrakt iwwer méi Joren huet Disney da mat der Kardashian-Famill ofgeschloss. D’Royals vum US-Reality-TV wiesselen domadder bei de Film- a Streaming-Gigant eriwwer. D’Kardashians sollen Inhalter fir méi Disney-Plattforme produzéieren.
86,6 Milliounen Abonnementer huet Disney+ weltwäit verkaf. Dat huet all d’Erwaardunge vun der Firma iwwertraff, esou den Disney-Chef Bob Chapek. Eréischt am November 2019 war Disney+ an den USA, Kanada an Holland op de Maart komm am Laf vun 2020 lues a lues iwwerall op der Welt. Domadder etabléiert sech de Mediegigant als grousse Konkurrent vun Netflix an Amazon Prime.