Nika SchmittNei Installatioun mam Numm "Radau Radar" an der Annexe22

RTL Lëtzebuerg
D'Nika Schmitt ass eng jonk lëtzebuergesch Kënschtlerin, déi kinetesch an uertsspezifesch Klang-Installatioune mécht.
Radau Radar - Eng nei Installatioun vum Nika Schmitt
Et ass eng interaktiv Klanginstallatioun, déi op Beweegung a Geräischer am Raum reagéiert.

17/12/2020 Nika Schmitt Radau Radar (L.Heintz)

Momentan wunnt si zu Rotterdam, ma zanter e Samschdeg kann een an der Annexe22 eng ganz nei Installatioun vun hier gesinn.

Radau Radar nennt sech d’Installatioun vum Nika Schmitt, déi een nach bis Ufank Januar zu Esch fënnt. Et ass eng interaktiv Klanginstallatioun, déi op Beweegung a Geräischer am Raum reagéiert. D’Iddi zu dësem Wierk ass der Kënschtlerin ufanks dës Joers zu Dakar komm, wou si eng Kënschtlerresidenz hat. Si war do immens faszinéiert vun engem Kreesverkéier an deem sech Geräischer a Beweegungen an de Gebaier ronderëm gespigelt hunn. Si wollt dëst Phenomen an engem Wierk verschaffen. Déi éischt Versich huet si mat engem Wok ënnerholl, dat huet direkt gutt geklappt an esou huet sech d’Wierk ëmmer weider entwéckelt an ass iergendwann immens komplex ginn. Dat interessant ass, dass de Pitsch vum Geräisch immens sensibel ass a sech ëmmer rëm nei orientéiert. Ofhängeg vun de Leit oder de Beweegungen am Raum.

Eng weider Inspiratiounsquell fir d’Wier war e Liichttuerm zu Dakar. Wou d’Nika Schmitt de Raum vun der Annexe22 gesinn huet, wosst si dowéinst direkt dass dësen immens gutt géif passen. De Raum steet nämlech gutt siichtbar op enger Haaptplaz an d’Luucht déi banne reflektéiert gëtt, gesäit een och dobaussen, well de Raum ganz verglaast ass.

D’Geräisch vun der Installatioun kann deelweis immens ustrengend fir d’Gehier sinn. Deemno wou ee steet oder wéi vill Kaméidi am Raum ass, gëtt den Toun ëmmer méi onangeneem, ma deemno wéi och angeneem an dat ass dat besonnescht um Wierk: et weess ee ni wat een erwaart an all Moment ass anescht.

Back to Top
CIM LOGO