
Den Jack wëll d’Konschtgalerie, em déi hien sech këmmert, vu senger zukünfteger Ex-Fra ofkafen. Fir un dat néidegt Geld ze kommen, muss hie senger verstuerwener Mamm hiert Haus an der Toskane verkafen. Zesumme mat sengem Papp, engem egoisteschen Artist mat deem hie weider kee Kontakt huet, muss hien d’Haus awer fir d’éischt mol ganz frësch maachen a renovéieren.
“Made in Italy” vereenegt de Liam Neeson a säi Jong am richtege Liewen, de Micheàl Richardson, vrun der Kamera an dat fir déi 2. Kéier nom Revenge Thriller “Cold Poursuit” aus dem Joer 2019, an där de Micheàl eng kleng Roll hat.
Papp a Jong inspiréieren sech fir hier jeeweileg Rollen natierlech vun hirer Relatioun an hirer Vergaangenheet. 2009 huet de Micheàl Richardson als klengt Kand seng Mamm Natasha Richardson verluer, an de Liam Neeson domat seng Fra mat där hier 15 laang Joer bestuet war.
Dëse Film hat deemno eng karthagesch Funktioun fir déi zwee Schauspiller. Doriwwer eraus ass “Made in Italy” ausser enger Rei u konfliktuellen a ganz staarken Ausernanersetzungen tëschent Papp a Jong eng dach extrem konventionell dramatesch Komedie mat deck opgedréckten zeenaristesche Ficellen an engem Uneneereie vu kitschege Banalitéiten.
Trotzdeem ass et awer e Genoss de Liam Neeson endlech nees an enger Roll ze gesinn, an där hien net drop aus ass, eng bluddeg Revanche ze huelen.