
All Joer sicht den Time Magazine net just déi bescht Filmer, mä och Bicher (Fiktioun an Non-Fiktioun), Kannerbicher, Podcasts, Lidder, TV-Shows a Videospiller.
Bei den 10 beschte Filmer vun dësem markante Joer, wou sécherlech doheem um Kannapee méi Filmer wéi soss iwwert de Bildschierm gelaf sinn, ass d’rumänesch-lëtzebuergesch Koproduktioun “Collective” op d’Plaz 2 gewielt ginn, hannert dem Film “First Cow”, d’Geschicht vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft. “Collective” gëtt dann och bei den Oscaren als beschten auslännesche Film gehandelt.
Ma och “Wolfwalkers” vum Lëtzebuerger Animatiounsstudio Mélusine Productions ass an der Top 10 dran, nämlech op der Positioun 7. Och dëse Film kéint bei den nächsten Oscaren als Gewënner do stoen, dat dann an der Kategorie vum beschten Animatiounsfilm vum Joer.
Wolfwalkers soll den 11. Dezember op Apple TV+ erauskommen an de 16. Dezember an de Lëtzebuerger Kinoen.
1. First Cow
2. Collective
3. The Trial of the Chicago 7
4. David Byrne’s American Utopia
5. Lovers Rock
6. Emma.
7. Wolfwalkers
8. Nomadland
9. Miss Juneteenth
10. Bill and Ted Face the Music
European Film Awards: Lëtzebuerger Koproduktioun “Collective” gouf nominéiert
Festival CinEast: Publikumspräis geet un déi rumänesch-lëtzebuergesch Koproduktioun “Collective”
Auszeechnungen um LuxFilmFest: “Collective”, “Battlescar” a “Babyteeth” kréie Präisser