PatrimoineLëtzebuerger Denkmalschützer organiséiere sech

Monique Kater
Denkmalschutz gëtt ëmmer méi populär hei am Land. Dat net op der Säit vun de Gemengeresponsabelen oder dem Staat, mee et sinn d’Bierger, déi sech asetzen
Gëtt de "Wäissenhaff" zu Sandweiler ofgerappt?
D’Legislatioun vum Denkmalschutz misst an Zukunft méi koherent ginn.

Dat fir d’Erhale vun alen, historesch wäertvolle Gebaier.

Esou lokal Protester si wichteg a kréien elo Ënnerstëtzung vun enger Federatioun, an där all Associatioun ka Member ginn, déi sech fir d’Erhale vum Patrimoine bâti asetzt, fir esou Pressioun op d’Politik ze maachen.

Aktiv op zwou Säiten

D’Protestaktioun vu Luxembourg Under Destruction zu Mamer weist, dass esou Net-Lëtzebuerger sech fir den Denkmalschutz hei am Land staark maachen.

Wärend si den Net-Respekt vun de kommunalen a nationalen Autoritéiten vis à vis vun eisem Patrimoine ukloen, versicht déi nei gegrënnte Federatioun, e politesche Mentalitéitswiessel z’erreechen.

Rumeure confirméiere sech

Zu Sandweiler soll net nëmmen d’Gemeng, eng ëmgebauten al Schoul aus der 1. Hallschent vum 19. Joerhonnert ofgerappt ginn, mee elo och de Wäissen Haff, an deem bis viru kuerzem e Restaurant war.

Dass grad esou eppes méiglech ass, bestätegt d’Grënner vun der Federatioun an hiren Efforten. Just een eenzege Ministère dierft d’Soen hunn, a Saache Patrimoine, an dat wier d’Kultur. Den Inneministère, also deemno d’Gemengen, dierfte keng Decisioune méi huelen, wann et ëm de Schutz vu Patrimoine geet.

Zu Sandweiler gëllt zum Beispill nach ëmmer de PAG vun 2005; de Wäissen Haff läit wuel am Secteur Sauvegardé, allerdéngs mat Reegelen déi zimmlech wischiwaschi sinn. Et kann ee prinzipiell esou e Gebai ofrappen, allerdéngs muss dat neit de Gabarit vun deem ale respektéieren.

Genee dat ass de Problem, erkläert de President vun der neier Federatioun fir de Patrimoine, dee natierlech och mat krut, dass an der Stad de Bistum mam Bëschofspalais méi a Richtung Himmel wëllt fueren, also zwee Stäck um Kardinol seng Residenz sollen drop gesat ginn. D’Kapell niewendru sollt ganz verschwannen. Wat d’Stad Lëtzebuerg an de Kulturministère net acceptéiert hunn.

“D’Stad gëtt hei hire Veto. Mee et kéint grad esou gutt sinn, dass dat selwecht Gebai an enger anerer Gemeng kéint ofgerappt ginn, sou de President vun der Federatioun, Paul Ewen.

Net logesch a schlecht fir de Patrimoine, vun deem d’Gemengen d’Fanger komplett sollen ewech loossen.

RTL NEWS: “Luxemburg under Destruction”

Back to Top
CIM LOGO