De Kinotipp"Let Him Go" vum Thomas Bezucha

RTL Lëtzebuerg
Am amerikanesche Film "Let him go" treffen 3 Hollywood-Gréissten openeen.
De Kinotipp: "Let Him Go" vum Thomas Bezucha
Am amerikanesche Film “Let him go” treffen 3 Hollywood-Gréissten openeen.

D’Diane Lane, d’Leslie Manville an de Kevin Costner gi sech an dësem moderne Western d’Replik.
Nom Doud vun hirem Bouf ass de klengen Enkel déi eenzeg Famill, déi engem pensionéierte Sheriff a senger couragéiser Fra bleift. Nodeems hirem Jong seng Wittfra sech nei bestuet huet, verschwënnt si enges Daags mat hirem Bouf ënnert dem Impuls vun hirem neie Mann. D’Grousseltere maache sech op d’Sich no hirem Enkel, deen am Staat North Dakota an enger dubiéiser Famill, dem sougenannte Weboy Clan, ënnerkomm ass.

Heiansdo ass d’Liewen eng Lëscht vun deem, wat mer verluer hunn. Dëse Saz seet de Kevin Costner senger Fra, gespillt vum Diane Lane. An dat Gefill vu Nostalgie dominéiert den éischten Deel vun dësem moderne Western, dee sech an de 60er Joren am ruralen Amerika ofspillt. “Let Him Go” ass um homonymme Buch vum Larry Watson baséiert. Eng emouvant Geschicht, déi sech lues a lues zum Thriller entwéckelt an déi sech op der grousser Leinwand duerch hir fantastesche Schauspiller an hir exzellent Dialogen an e spannenden a matrappende Kinosfilm verwandelt.

Back to Top
CIM LOGO