
Wéi et heescht, wier de Bulloch de 17. Dezember friddlech ageschlof. Virdrun hätten et gesondheetlech Komplikatioune sinn, de Schauspiller hat jo bekannterweis Parkinson.
Seng Fra Maureen an 2 vu sengen 3 Jonge ware beim Doud vum Bulloch an engem Spidol zu London dobäi. De Star-Wars-Star hannerléisst och nach ganzer 10 Enkelkanner.
Iwwer 45 Joer laang hat den Jeremy Bulloch eng glécklech Karriär. Virun allem gouf hien duerch seng Roll als Boba Fett an der Star-Wars-Saga vun 1980 un bekannt.
Déi éischte Kéier huet hien de Bounty-Hunter am Film “The Empire strikes back” verkierpert, duerno bei “Return of the Jedi” am Joer 1983. Duerno hat hien am 3. Episod vun der Serie Joer 2005 eng kleng Roll als Captain Colton.

Hien huet awer och beispillsweis an 2 Bond-Filmer an a Serië wéi Doctor Who a Robin Hood matgespillt.
Vun 2018 un, huet hien sech komplett aus senger Roll als Boba Fett zeréckgezunn.