"Become a Remixer"Iwwer 500 Fräiwëlleger fir Projet Esch2022 ze begleede gesicht

RTL Lëtzebuerg
D'Europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 sicht vun dësem Joer un iwwer 500 Benvollen, déi beim Projet wëlle mathëllefen.
© esch2022

An deem Kader gouf elo d’Campagne “Become a Remixer” lancéiert. Interesséiert Leit kënne sech beim Programm mellen, fir tëscht September 2021 an Dezember 2022 bei ënnerschiddlechen Aktivitéite matzemaachen.

Als Remixer kann een deemno bei eenzelne Projete matwierken, Evenementer oder bei touristeschen Touren, an enger kënschtlerescher Funktioun oder bei Féierungen dobäi sinn.

Detailer fënnt een op Esch2022.lu

Back to Top
CIM LOGO