HollywoodIndiana Jones-Hutt a Star Wars-Droid gi verkaaft

RTL Lëtzebuerg
Wien sech fir den Hutt vum Harrison Ford aus dem Joer 1984 interesséiert, kann deen Enn Juni fir tëscht 150.000 an 250.000 Dollar kafen.
© AFP

Lass geet de Verkaf den 29. Juni, dat zu Hollywood. Am Summer soll jo deen neien Indiana Jones Film erauskommen, dat fir déi leschte Kéier mam Harrison Ford, dee mëttlerweil 78 Joer huet.

Iwwer 1.200 Géigestänn vun Hollywood-Artikele wäerten am Juni a Juli verkaaft ginn, dorënner en original “Star Wars: The Empire Strikes Back"-Skript an dem Tom Cruise säi Schwäert aus “The Last Samurai”.

© AFP

Och dem Brad Pitt säi Golf Cart aus “Once Upon a Time... in Hollywood” an dem Daniel Radcliffe säi Brëll aus den 2 leschten Harry Potter-Filmer kommen ënnert den Hummer.

Lescht Joer gouf zum Beispill en Darth Vader-Costume verkaaft, dat fir 287.500 Dollar.

Back to Top
CIM LOGO