Festivallen a Concerten dëse SummerGrouss Ongewëssheet zu Lëtzebuerg, ma et ass nach ze fréi fir Decisiounen

Sandy Schmit
Nach si mer wäit ewech, d'Corona-Kris iwwerstanen ze hunn. D'Lescht Joer scho goufe sämtlech Festivallen annuléiert. A wéi ass et dëst Joer?

Wa mer vu Festivalle schwätzen, kucke mer mol fir unzefänken op Concerten. Zanter Mäerz 2020 sinn d’Concertshalen hei am Land jo zou, Evenementer méi oder wéineger alleguer op Äis geluecht. Gouf sech am Summer 2020 nach mat Autoconcerten, digitale Concerten oder Open-Air-Evenementer mat am Viraus reservéierten, respektiv markéiere Parzellen iwwer Waasser gehalen, war am Hierscht an am Wanter alles ofgesot. Et gouf sech op 2021 vertréischt. Tickete fir Festivallen an d’Concerte goufen entweder rembourséiert oder se sinn fir dëst Joer valabel. Wa se da solle sinn, d’Concerten an d’Festivallen.

Déi Fro steet nämlech nach am Raum.

An der RTL-Emissioun “No Art on Air” huet den Direkter vun der Rockhal Olivier Toth gesot, et hätt een op europäeschem Plang nogefrot, wéi eng Reprise ausgesäit. Fir esou Froen ass ënner anerem d’European Arenas Alliance zoustänneg, bei där 22 EU-Länner an och d’Rockhal Member ass. E klenge Grupp, dee sech aus där Associatioun eraus gegrënnt huet, d’Arena Resilience Alliance (ARA), suergt an deem Kader op europäeschem Plang fir méi Visibilitéit.

Et hätt ee bei der EU-Kommissioun nogefrot, wéi een da kéint am Viraus plangen, aus dem Näischt eraus, wier dëst net méiglech.

Den Atelier huet wuel e puer Concerte fir 2021 geplangt, mä ob se tatsächlech och sinn, do besteet awer nach eng grouss Onsécherheet. Op Projete gekuckt wéi Carena zu Péiteng oder confinéiert Concerten, dat war eng super Iddi, mä dat Soziaalt feelt, an anere Wierder d’Zesummestoen, eppes drénken a sech ënner Kolleegen ameséieren. Dovun ofgesinn, sinn och déi Projeten iergendwa gebremst ginn.

De Moment konzentréiere sech d’Organisateure vum Atelier op en neie Businessplang, an dat och am Non-Concert-Beräich.

D’Rockhal versicht et mat enger neier Serie Concerten ënnert dem Motto “Because Music Matters”, déi vun der Santé begleet ginn, sou wéi dat schonn an Däitschland versicht gouf op engem Concert vum Tim Bendzko. Ma och dat steet nach am Ufank vun der Planung.

All zesummen op engem Festival wéi hei um Bild? Wann iwwerhaapt, da ganz sécher net dëst Joer.
All zesummen op engem Festival wéi hei um Bild? Wann iwwerhaapt, da ganz sécher net dëst Joer.
© AFP Archivbild

Wat elo Festivallen am Summer ugeet, do wier et nach ze fréi, eppes ze decidéieren, sou den Direkter vum Atelier Michel Welter am Gespréich mat RTL.lu, och wa säi Bauchgefill éischter schlecht wier. Déi aktuell Mesurë gëllen elo jo mol bis den 21. Februar, duerno misst ee weiderkucken, wat d’Regierung an d’Santé decidéieren.

Am Summer d’lescht Joer sinn d’Zuele jo erofgaangen, sou dass ee konnt Verschiddenes organiséieren, mä deconfinéiert Concerte wäert et dëst Joer dem Michel Welter no wuel éischter net ginn.

Och wat Festivallen ugeet, misst een op d’mannst bis Enn Mäerz ofwaarden, wat een dierf, respektiv net dierf. E Festival wéi de Siren’s Call wier wuel logistesch gesinn net méi no dësem Delai ëmsetzbar.

Ma nach vill méi wichteg wier d’Fro, wéi een dat wëll mat Bands aus dem Ausland handhaben. Museksgruppe kënne jo wuel net einfach esou zu 18 Mann an engem Bus duerch d’Géigend touren, wat en plus nach vun de jeeweilege Rees-Restriktioune vun all Land ofhänkt. Fir Festivalle mat engem internationale Lineup ass dat e grousse Problem.

De Direkter vum Atelier huet awer ugedeit, dass eng Aart Trauma ënnert de Leit ze spieren ass. Concerten a Festivallen esou wéi fréier, all zesummen an no beieneen, fir deen een Deel wäert dat nees esou sinn, ma en aneren Deel vu Leit, déi duerch d’Corona-Restriktioune traumatiséiert sinn, wäert dat wuel net méi de Fall sinn.

Sou wéi d’Rockhal, déi confinéiert Concerte an Zesummenaarbecht mat der Santé plangt, dat wier net hire But. Den Atelier ass a Kontakt mam Kulturministère a schafft un neie Konzepter an Iddien, déi elo awer nach net solle verrode ginn.

Op d’Fro, ob een eventuell op de Wee vun Impfkontrolle wéilt goen, fir nees gewinnte Concerten ofzehalen, do huet sech de Michel Welter distanzéiert: “Mä wann d’Santé dat decidéiert, da wäerten och mir eis drun halen”.

Och bei den Organisateure vum e-Lake huet een nach keng Decisioun getraff. Hinne wier et awer wichteg, nees eppes zum Lëtzebuerger Kulturliewe bäizedroen, sou de Porte-parole Jempi Hoffmann op Nofro hin. En e-Lake wéi virun der Kris wäert et wuel net ginn an et misst ee vun enger “spezieller Editioun” wéi 2020 ausgoen. Et wier ee flexibel, sech de stännegen Ännerungen unzepassen, am Hibléck op d’Gesondheet an d’Protektioun vun de Visiteuren an allen implizéierten Acteuren.

Schonn d’lescht Joer hat ee relativ kuerzfristeg eng Live-Stream-Editioun ëmgesat, eppes Änleches kéint een och dëst Joer nees plangen. Do huet ee sech d’Frist gesat, dass dat och am Juni nach méiglech wier. Eng Editioun wéi an de Jore virdrun, dofir ass et organisatoresch gesinn eigentlech elo schonn ze spéit. Soubal een e richtegt Konzept fir d’Editioun 2021 hätt, géif ee sech mat den zoustännegen Autoritéiten zesummesetzen, dat heescht och un d’Santé eruntrieden.

Op d’Fro, ob een op de Wee vun eventuellen Impfkontrolle geet, do wéilt een d’Indikatioune vun der Regierung ofwaarden. Esou Kontrolle op engem Gratis-Entrée-Festival wieren awer éischter schwéier ëmzesetzen, sou nach de Jempi Hoffmann.

Wéi ass et bei eisen däitschen Noperen?

D’lescht Joer haten d’Traditiounsfestivalle “Rock am Ring” a “Rock im Park” eng Jubiläumseditioun geplangt an du koum de Coronavirus. Wéi och bei eis am Land, gouf alles annuléiert, keen “Hurricane”, kee “Wacken Open Air”, kee “Parookaville”. Näischt. Alles gouf op 2021 geréckelt.

D’Organisateure vum “Parookaville”, dem gréissten Eletronic-Festival an Däitschland, hate leschte Summer mat engem Mini-Festival versicht, dat Bescht draus ze maachen. Um Weekend vum 17. an 18. Juli 2020 hu si e Livestream organiséiert a just 100 Gäscht duerften op speziell markéierte Parzelle mat dobäi sinn. De Lineup vum leschte Joer, soll mat e puer klenge Changementer, dee selwechte fir dëst Joer bleiwen.

Ma d’Situatioun huet sech bis haut net wierklech verbessert. Au contraire, Däitschland ass nach ëmmer am Lockdown. Datt an e puer Méint Festivalle solle sinn, kléngt do scho bal absurd, och wann de Besoin bei ville Fans grouss ass.

Op Nofro vum “Stern” hunn d’Organisateure vum “Hurricane"- an de “Southside"Festival ausgesot, datt vill ze vill Froen opstinn. Et misst een ofwaarden, wéi sech d’Infektiounszuelen an d’Verfügbarkeet vum Impfstoff weiderentwéckelen. Béid Festivalle si fir den 18. bis 20. Juni geplangt. Ob ofgesot gëtt oder net, dat wier de Moment nach ze fréi ze soen, vläicht hätt een a 4 bis 6 Wochen eng Äntwert drop.

Och d’Organisateure vu “Rock am Ring” a “Rock im Park” wëllen nach ofwaarden, ier eng Decisioun geholl gëtt. Iwwer 130.000 Visiteuren hunn hir Tickete vun 2020 op dëst Joer verluecht.

Bei sämtleche Organisateure steet eng Ongewëssheet am Raum. Um Internetsite vum “Wacken Open Air” steet zanter Januar e Countdown, eng Prognos fir dëse Summer wëll a kann een och hei net ginn.

De President vum Bundesverband fir Concerten an Evenementer, de Jens Michow, sot “Stern” géintiwwer, dass iwwerall eng grouss Onsécherheet ze spieren ass. Sou laang ee sech un d’Distanzen hale muss, wiere beschtefalls just méi kleng Evenementer ëmsetzbar, fir Summerfestivalle misst ee spéitstens Mëtt Mäerz eng Decisioun huelen, a wéi enger Form se kënne sinn, schliisslech bréicht een och Zäit fir d’Preparatiounen.

Atelier: Concerten zu Lëtzebuerg, d’Luuchte sinn aus

Back to Top
CIM LOGO