Eng Hellewull Skulpturen an Installatioune goufen zanter 2001 am Kader vum Gare Art Festival vu ganzer 113 Kënschtler aus aller Welt live am Garer Quartier kreéiert. 20 Joer vu kreativem Schafen op déi et sech lount zeréckzekucken, ma och vun intensiver Aarbecht op déi ee kann houfreg sinn.
Des Envergure mécht eng retrospektiv Ausstellung an der Chambre des Salariés zu Bouneweg däitlech. Hei kritt een, ënnert anerem, zäitgenëssesch Wierker vu Lëtzebuerger Kënschtler ze bewonneren, déi all déi Jore beim Gare Art Festival matgemaach hunn: Jhemp Bastin, Gérard Claude, Yvette Gastauer, Heather Carroll, Florence Hoffmann, Assy Jans, Anne Lindner, Maryse Linster, Christiane Modert, Nadine Zangarini und Nathalie Zlatnik.
Donieft gëtt hei den Documentaire « Gare Art Festival: ces artistes qui sculptent vos été » vum Laetitia Martin gewisen, an deem ee mat Archivbiller an Interviewen op d’Geschicht vum Gare Art Festival a vum Garer Quartier zeréckbléckt.
D’ Ausstellung 6x7x20(+1) leeft bis den 10. September.
Den Highlight vun dëser Editioun ass awer sécherlech dee grousse Skulpture-Parcours, deen op bal 7 km uechter déi ganz Stad ugeluecht gouf.
Dëse Parcours bitt engem net just een Iwwerbléck iwwer déi verschidden Techniken a Matièren, mat deenen an deene leschten 20 Joer geschafft gouf, ma och eng gutt Geleeënheet, fir d’Stad Lëtzebuerg eemol anescht ze entdecken.
Vum 30. Juli bis de 6. August kann een dann op der Garer Plaz 6 Kënschtler beim Schaffen iwwer d’Schëller kucken. Déi fäerdeg, in situ kreéiert Konschtwierker ginn da vum 7. August bis Enn September an der Verrière vun der Stater Gare ausgestallt.