All Joer ginn hei Fotoe vu bekannten, gréisstendeels internationale Fotografen ënner engem anere Motto ausgestallt. Mam Thema “Nord” gouf am Hierscht déi nei fotografesch Saison lancéiert. D’Ausstellung kann een op 4 Statioune ronderëm d’Clierfer Schlass entdecken.
Mam Norde sinn dacks Gedanken u vill Schnéi an onberéiert Natur verbonnen. Ma riicht een de Bléck an déi besoten Himmelsrichtung, bidde sech ganz verschidde Perspektiven an Interpretatiounen un.
Déi sibiresch Fotografin Evgenia Arbugaeva dokumentéiert mat hirer Serie „Mammoth Hunters“ dee ganz speziellen Alldag vu Männer, déi an der äiseger Tundra op der Juegd no de Stousszänn vu viru Joerdausenden ausgestuerwene Mammutte sinn.
Den italienesche Fotojournalist Paolo Verzone gëtt mat sengem Projet „Arctic Zero“ ongewéinlech Ablécker an den Territoire vun der Inselgrupp Spitzbergen. Et si Biller, déi un d’Polarexpeditiounen am leschte Joerhonnert erënneren.
Dee Lëtzebuerger Kënschtler Christian Aschmann ass fir seng Serie „Etat des lieux/États d’un Lieu“ net bis an d’Arktis, ma an de Norde vu Lëtzebuerg gereest. Hien dokumentéiert a senge Fotoen, wéi am ländleche Raum vun der Gemeng Clierf.
Mat de Wierker vun zwee weidere Fotografen erwaart de Public viraussiichtlech am Mäerz 2021 deen zweeten Deel vun “Nord”.
