
Wéi et schéngt, muss 2021 op e Live-Publikum beim ESC an Holland verzicht ginn. Ganz an d’Waasser fale soll den Evenement allerdéngs net. Et gëtt versicht, dass esou vill wéi méiglech Kënschtler kënne live optrieden, hunn d’Organisateuren e Mëttwoch zu Rotterdam matgedeelt.
Fir dass den Eurovision Song Contest dëst Joer net nees muss annuléiert ginn, gëtt eng Show geplangt, bei där den noutwennege Sécherheetsofstand kann agehale ginn. Donieft sollen et streng Hygiènesmesurë ginn, dorënner eng Abberzuel Corona-Tester fir d’Museker.
Déi hollännesch Regierung huet den Organisateure verséchert, dass d’Kënschtler an d’Delegatiounen dierfen areesen. Sollt d’Arees duerch d’Corona-Pandemie awer net méiglech sinn, géing dofir gesuergt ginn, dass d’Participantë vum Museksconcours hir Performance kënnen opzeechnen. An deem Fall géing sech just de Moderator live aus Rotterdam mellen.
E weideren Zenario, deen am Gespréich ass, ass eng Lockdown-Variant. An deem Fall kéinten alleguerten d’Beiträg, ob musikaleschen Optrëtt oder d’Moderatioun, opgezeechent ginn.
Bannent den nächste Woche soll entscheet ginn, op wéi eng Aart a Weis den ESC dëst Joer wäert iwwert d’Bün goen.
2019 hat den Hollänner Duncan Laurence den Eurovision Song Contest gewonnen.
