

An der Konschthal zu Esch, di jo eréischt am Oktober 2020 opgemaach huet, kann een den Ament nach d’Expo “Schaufenster 2" gesinn. Hei stellen den Eric Schumacher an den Xavier Mary zesummen aus. Fir di zweeten Editioun vum “Schaufenster” Zyklus gouf dann och erëm in situ geschafft. De Lëtzebuerger an de belschen Artiste huelen esou aktiv un der Transformatioun vum Gebai deel. D’Konschthal zu Esch bitt net just eng Ausstellungsplaz fir zäitgenëssesch Konscht, ma ass och gläichzäiteg eng Plattform fir Kreatiounen.

Mam Eric Schumacher a Xavier Mary steet an dëser Editioun alles am Zeechen vun der zäitgenëssescher Skulptur. Bis den 13. Juni kann een d’Ausstellung vun den zwee Kënschtler an d’Konschthal op Esch kucke goen.
D’Geek Foire an de Rotonden léisst d’Kannerhäerzer aus den 1980er bis 1990er Joren opbléien. Gadgeten aus der Kandheet, Videospiller, Figuren a ganz vill aner Objeten aus där Zäit ginn op der Geek Foire erëm zum Liewen erwächt. Sailor Moon, Dragon Ball, Super Mario, E.T, Star Wars, Back to the Future a villes. Iwwer 20 Stänn bidden de Sonndeg an de Rotonden e Gefill vun Nostalgie a gudden Kandheetserënnerungen. Sief et, datt een eng Kaarte Kollektioun erweidert, di al Video- oder Gesellschaftsspiller erëm entdeckt oder souguer säin ale Game Boy reparéiere léisst - de Geek an Iech wäert sech hei gutt erëmfannen.

Vun 10:00 - 18:00 Auer ass d’Geek Foire an de Rotonden fir de Public op.

D’Fondatioun Valentiny weist an hirer neier Ausstellung Wierker vum Moler Jang Lamborelle. D’Expo ass e Bäitrag zu den Themen vun der Nohaltegkeet, Gerechtegkeet an d’Verännerung vun eisem Liewensstil.
Den 29. an 30 Mee ass de Kënschtler Jang Lamborelle vun 14:00 - 18:00 Auer an der Fondatioun Valentiny fir en “Meet the artist”.
Ënnert dem Titel: “CNLiesrees...op Nidderaanwen: Gleef roueg, wat d’Buch der versprécht!” liesen d’Josiane Kartheiser, de Joseph Kayer an de Guy Koenig ënner anerem aus de Bicher “Déi nächst Etapp”, “Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht” an “Zakopane”. Zënter dem 4. Mee ass CNL Liesrees schonn uechter d’Kulturhaiser ënnerwee. Den Event ass eng Kooperatioun mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren. De Sonndeg kënnt d’Liesrees dann zu Nidderaanwen un. Erzielt gi Geschichten vun haut a vu fréier op Lëtzebuergesch.

CNLiesrees bitt eng gutt Geleeënheet fir d’Literatur zu Lëtzebuerg mat hire ville Facetten a Sproochen ze entdecken. Insgesamt si 15 Liesungen organiséiert ginn, mat Auteuren, déi an de leschte Méint e Buch erausbruecht hunn. Nach bis de 4. Juli geet d’Liesrees.