EventimEntrée op Concert soll kënnen un Impfung gebonne ginn

RTL Lëtzebuerg
Eventim wëll, datt d'Organisateure vu Concerten d'Méiglechkeet hunn, just geimpfte Leit eranzeloossen.

Esoubal et genuch Impfstoff gëtt a jidderee sech kann impfe loossen, da sollte privat Organisateuren d’Méiglechkeet kréien, eng Impfung als Viraussetzung fir d’Entrée zu engem Evenement kënne maachen, heescht et vum Chef Klaus-Peter Schulenberg, Chef vum groussen däitschen Event-Organisateur an Ticketportal.

Aktuell géif ee jo gesinn, datt scho Millioune Leit ouni gréisser Niewewierkunge geimpft ginn, esou de Schulenberg an der Wirtschaftswoche. Hie géif hoffen, datt vill Leit dowéinst hir Skepsis verléieren.

Technesch gesinn huet Eventim dës Léisung schonn ausgeschafft, well hir Systemer esou ageriicht kënne ginn, datt si en Impfpass liese kënnen.

CTS Eventim ass dann och an d’Impfunge mat agebonnen. A Schleswig-Holstein manage si d’Rendezvouse fir d’Impfungen a sinn och mat anere Bundeslänner am Gespréich, fir dës Roll do ze iwwerhuelen. “Wat d’Populatioun méi séier geimpft ass, wat Evenementer méi fréi kënnen organiséiert ginn. Fir eis steet am Virdergrond, eise Bäitrag ze leeschten, fir d’Pandemie esou séier wéi méiglech ze iwwerwannen” esou de Schulenberg weider.

Déi däitsch Regierung huet jo annoncéiert, datt ee bis Enn vum Summer all Bundesbierger d’Méiglechkeet wéilt ginn hunn, fir sech impfen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO